Eifeler Reegel

Reegel déi festleet ob de Konsonant <n> um Enn vun engem Wuert geschriwwe gëtt oder net

Ob am Lëtzebuergeschen de Konsonant n (oder nn) um Enn vun engem Wuert (oder am Silbegelenk vun zesummegesate Wierder) ausgeschwat/geschriwwe gëtt, hänkt dovun of, mat wat fir engem Konsonant dat Wuert duerno ufänkt.

D'Mécher vum Schëld hunn d'Eifeler Reegel net applizéiert; fir richteg misst et "Kettegaass" sinn (Foto: Duelem (Réimech)).
En anert Beispill vum Net-Uwende vun der Reegel: "Mir gi klibberen" sollt et heeschen...
... d'Joer drop gouf de Feeler verbessert.

D'phonologesch Reegel, déi dofir responsabel ass, gëtt Eifeler Reegel, Äifler Reegel oder einfach n-Reegel genannt; aner Bezeechnunge fir dëse Phenomeen sinn n-Tilgung, mobile-n, n-mobile, oder mobile-n deletion. Et handelt sech dobäi ëm eng sougenannt Sandhi-Reegel, wouduerch de phonologesche Kontakt tëscht zwee Wierder gereegelt gëtt.

A. Allgemeng Reegel

Et schreift ee keen n virun all Konsonant, deen en aneren ass wéi „d“, „t“, „h“, „n“ an „z“. Dës Buschtawe loossen sech mam Saz „Deng Tirett hält net zou!“ liicht mierken.

An enger staark vereinfachter Form kann ee soen: En /n/ um Enn vum Wuert gëtt net geschriwwen, wann e wéinst dem Ufankskonsonant vum nächste Wuert net ausgeschwat gëtt.

Ausnamen

1. nom n kënnt en y

Den n (oder nn) bleift virum y stoen, wann deen als [iː] ausgeschwat gëtt:

  • den Yves, den Yvon, vun Ypres, den Yttrium

Wann den y awer als [j] ausgeschwat gëtt, da fält den n (oder nn) ewech:

  • de Yannick, e Yak, de Yogascours, ee Yuan

2. nom n kënnt en „engleschen“ o oder u

Virun engem „engleschen“ o oder u ka jee no Aussprooch den n (oder nn) ewechfalen:

  • e One-Night-Stand, de One-Way-Ticket, de User
  • awer: en Online-Formulaire, en Open-Air-Concert, den Undercover-Agent

3. den n viru verschiddene Wierder aus dem Franséischen oder Engleschen

Den n (oder nn) gëtt virun engleschen oder franséische Wierder geschwat a geschriwwen, déi vir mat d oder t geschwat ginn, och wann en anere Buschtaf geschriwwe steet:

  • si hunn Jeansboxen ugemooss, den Churchill, et kann een chatten
  • awer: si hu Jacketten ugemooss, de Chareli, et kann ee changéieren

B. Spezialfäll

1. Fakultativen n

Virun de Wierder si, se, sech, säin, seng a sou ass den n fakultativ[1]:

  • ech hu(nn) si héieren, mir hu(nn) se gefrot, si loosse(n) sech féieren, ech hu(nn) säin Auto gesinn, muer komme(n) seng Kanner, ech si(nn) sou midd

2. Ofkierzungen

Virun Ofkierzungen, Akronymmen an anere Buschtawekombinatiounen, déi vir mat engem Vokal oder als d oder t geschwat ginn, bleift den n (oder nn) stoen, och wann en anere Buschtaf geschriwwe steet:

  • den LCTO-Programm (gelies: Ell-Zee-Tee-O), en SNJ-Ausfluch (gelies: Ess-Enn-Jott), den CFL-Mataarbechter (gelies: Tsee-Eff-Ell)
  • den sch (gelies: Ess-Zee-Ha), awer de sch (gelies wéi am Wuert Schaf)

3. Prefixen on- an -in

Den n gëtt bei de Prefixen on- an in- geschwat a geschriwwen, egal wat fir e Konsonant hannendrukënnt:

  • onbegrenzt, onfäeg, ongedëlleg, onkamoud, onlieserlech, onméiglech, onpénktlech, onroueg, onsécher, onverännert, onwichteg
  • informell, inkompatibel

Bemierkung: Bei an-, un- zielt d'n-Reegel: andréchnen, aknuppen, amëschen, antippen, ufechten, ugesinn, untreffen

4. Substantiven an Adjektiven

Den n bleift bei all de Substantiven an Adjektive bestoen, egal wat fir ee Konsonant hannendrukënnt, ausser bei deenen déi mat -en, -een oder -äin ophalen

  • den n (oder nn) bleift stoen: faarweblann sinn, de Bidon botzen, d'Enn vum Lidd, d'Léierin moolt, e Roman schreiwen, an eng Reunioun goen, immun sinn

awer:

  • bei Substantiven an Adjektiven déi mat -en ophalen, fält den n fält ewech: eng Aachtche kafen, e Bushaische bauen, gebrache Lëtzebuergesch schwätzen
  • bei Substantiven déi mat -äin ophalen, ass den n fakultativ[2]: de Wäi(n) gëtt gutt, e Veräi(n) grënnen, de Fürerschäi(n) maachen, d'Wëll Schwäi(n) sinn aggressiv
  • bei eesilbege Substantiven déi mat -een ophalen, ass den n fakultativ[2]: d'Bee(n) briechen, de Stee(n) geheien, am Ree(n) sangen
    • ausser bei verschiddenen eesilbege Wierder op -een, bei deenen den n ëmmer stoe bleift: eng Seen räissen, d'Veen geroden, him eng Zeen maachen, an Antigeen fannen, fir dee Phenomeen gëtt et eng Erklärung

Bei verschiddenen Zesummesetzunge gëtt et just d'Form ouni n: Reemantel, Steekaul, Steekoup, Steemetzer, schwäiwëll, Wäifläsch, Wäiglas, Wäibau

Bei Substantiven, déi vu Verben ofgeleet ginn, ass den n (oder nn) fakultativ[2]:

  • bei Bewosstsi(nn) bleiwen, nom Ausgesi(nn) jugéieren, d'Elengsi(nn) genéissen

5. Zesummegesat Wierder

D'Eifeler Reegel gëllt och fir zesummegesat Wierder:

  • den n bleift bestoen: Afennoss, Aenzeien, Zoppenteller
  • den n fält ewech: Drëppeglas, Prommebam, Zoppeläffel

Bei zesummegesate Wierder déi mam Suffix -schaft ophalen, bleift den n bestoen:

  • Eegenschaft, Errongenschaft, Gefaangenschaft, Leidenschaft, Rechenschaft, Wëssenschaft

6. Sazzeechen, Bindestréch a Gänseféisercher

  • Virun all Sazzeeche[3] bleift den n stoen:
    • Dat ass schéin, mä et ass deier
    • Si koumen (wéi ëmmer) ze spéit
    • Et koumen – graff geschat – honnert Leit
    • Kolleeginnen / Kolleegen

Bindestréch

Virum Bindestréch bezitt sech d'n-Reegel op dat Wuert, dat hannendrusteet:

  • Dat Vun-der-Hand-an-de-Mond-Liewe geet mer net, d'Käschten-Notze-Berechnung, en Dräi-Komponente-Pech, e Kapp-u-Kapp-Rennen, en Zwee-Phase-Modell, Orangen- an Äppeljus, Orangë- plus Äppelgebeess, Orangen-, ma keen Hammbiersgebeess

Gänseféisercher a graphesch Ervirhiewungen

Bei graphesch Ervirhiewungen (Wierder déi tëscht Gänseféisercher stinn, déi schif geschriwwen oder faarweg markéiert sinn), gëtt d'n-Reegel normal applizéiert:

  • den n fält ewech: et nennt een hien de „Bommeleeër“, dunn huet hie „Good morning!“ gesot, e Baurekniecht vun Dol war de „Jasmännchen“, dat do war e grousse Feeler!, de grénge Kuerf
  • den n bleift stoen: hien ass denAsterix“, si hunn „Au revoir!“ gesot, et war denNiklos“, dat war en immense Fortschrëtt!, den orangen Auto

7. Eegennimm

  • Um Enn vu Vir- a Familljennimm oder Markennimm bleift den n (oder nn) bestoen:
    • Den Här Neyen kënnt, d'Madamm Kinnen rifft un, de Professer Neumann korrigéiert
    • Volkswagengaragist, Märklinwaggon

8. Geographesch Nimm

  1. Bei geographeschen Nimm déi mat -en (geschwat [ən]) ophalen, spillt d'n-Reegel:
    • den n fält ewech: an Indie wunnen, an Italie reesen, am Roude Mier, Spuenierees, an d'Ardenne fueren
    • den n gëtt gehalen: an Indien auswanderen, an Italien akafen, am Atlanteschen Ozean, Alpenduerf, d'Pyrenäen entdecken
  2. Bei geographeschen Nimm wou den -en net [ən] ausgeschwat gëtt, bleift den n bestoen:
    • zu Caen wunnen, op Rouen fueren, zu Wien studéieren
  3. Wa virum n an der Endung keen e steet, bleift den n bestoen:
    • Gabun läit an Afrika, am Vatikan liewe knapp 500 Leit, zu Berlin feiert et sech gutt
  4. Bei Nimm vun Uertschaften a Stied kann den n och stoe bleiwen:
    • zu Begge(n) brennt et, zu Munze(n) schéngt d'Sonn, op Kopenhage(n) fueren, op der Përmesknippche(n) steet eng Kapell
  5. Fir Griicheland oder Griichenland sinn déi zwou Schreifweise richteg.

9. Speziell Textzorten

Op Plakater, Affichen, Posteren, an Titelen, Gedichter, op de soziale Medien asw. kann d'n-Reegel ausgesat ginn, wann een d'Wuert speziell ervirhiewe wëll:

  • Wëssen Kënnen Wëllen[4]
  • Iessen Spillen Feieren
  • do ass all Kand a Këndchen beim Fuesechsliddche frou[5]
  • eis #Eemaischen war e vollen Erfolleg

C. Resümmee

Beispiller mat Wierder vun a bis z hannert dem n:

Beispiller, bei deenen den n ewechgelooss gëtt:

  • si hu béis gekuckt, si hu Clementinne giess, si hu fréi geschlof, si hu guer näischt, si hu Jacketten ugemooss, si hu keng Angscht, si hu léif gefrot, si hu Meloune kaaft, si hu One-Way-Tickete kaaft, si hu prominent Noperen, si hu quadratesch Fënsteren, si hu rose gekuckt, si hu séier gedronk, si hu User-Gruppe gebilt, si hu vill gesinn, si hu wibbeleg Kanner, si hu Xavier! geruff, si hu Yannick an Yves geheescht

Beispiller, bei deenen den n stoe bleift:

  • virun „d“, „t“, „h“, „n“ oder „z“: si hunn dech gefaart, si hunn tockskäppeg reagéiert, si hunn haut fräi, si hunn näischt z'iessen, si hunn zerguttst giess
  • virun engem Vokal: si hunn al ausgesinn, si hunn eescht dragekuckt, si hunn iwwerdriwwe gejaut, si hunn Online-Formulairen ausgefëllt, si hunn uewenop gewunnt, si hunn Yves a Yannick geheescht

Beispiller mat der n-Reegel

„Eifeler Reegel“ - Ursprong vum Numm

D'Eifeler Reegel ass a Phenomen, dee fir d'éischt an der Sproochwëssenschaft vum spéiden 19. Joerhonnert an Äifler Mondaarten, um westleche Bord vum Sproochraum vum Däitschen entdeckt a beschriwwe gouf an dovun ass och den Numm ofgeleet. Nieft dem Lëtzebuergesche besteet de Phenomeen an ënnerschiddleche Variatiounen an och méi oder manner däitlech a mëtteldäitschen Dialekter wéi zum Beispill am Kölschen oder Hesseschen.

Publikatiounen

Fir ze liesen

Fir ze lauschteren

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Eifeler Reegel – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • D'Lëtzebuerger Orthografie, Redaktioun: Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch (CPLL) an Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), © Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2019, Editeur: SCRIPT an ZLS, Dréckerei: EXEPRO, 5. Oplo, Lëtzebuerg 2022, ISBN 978-99959-1-163-8

Referenzen an Notten

  1. de Spellchecker proposéiert d'Variant mam n / nn
  2. 2,0 2,1 2,2 de Spellchecker proposéiert d'Variant ouni n / nn
  3. als Sazzeechen zielt: Punkt, Komma, Stréchpunkt (Semikolon), Doppelpunkt, Froenzeechen, Ausruffzeechen, Klameren, Gedankestréch, schife Stréch
  4. (fr)Wëssen - kënnen - wëllen: Mady Delvaux-Stehres présente les priorités de l'année scolaire 2008-2009. gouvernement.lu (2008-10-09). Gekuckt de(n) 2023-09-26.
  5. Michel Rodange, De Reenert