Dëse User gëtt et erëm

Déi Beleidegt an déi Erniddregt änneren

"A mat dësem Message ass fir mech de Finish op der Lëtzebuerger Wikipedia gemacht." Ech kennen de Problem. Et ass net fir d'éischt, datt hei een d'Dier jummt. Wat eng lëtzebuergesch Manéier ass, dat ass dat Beleidegtsinn. Een op Feeler opmierksam ze maachen gëtt hei als Beleidigung opgeholl. Wat awer opfält, et sinn der elauter, déi keng Mail-Adress uginn hunn. 't ass komesch; heinansdo kënnt et mer vir wéi wann et ëmmer deeselwechte wier :-))) --Cornischong 11:37, 23 September 2006 (UTC)

Ech hunn op menger Säit g'äntwert. --Cornischong 07:31, 23 Oktober 2006 (UTC)

Monte Águila änneren

Moien,

Kuerz Explikatioun: d'Lemmata vun (Uertschafts)nimm sollen sou geschriwwe ginn, wéi se an der jeweileger Landessprooch heeschen (op d'mannst wann d'Original am laténgeschen Alphabet ass, an et net e gängege lëtzebuergeschen Numm gëtt (wéi "Paräis")). A Fäll mat fir Lëtzebuerg ongewinnten Accenten mécht een dann e Redirect vun der Versioun ouni Accent op déi mat. Also hei: "Monte Aguila" redirect op "Monte Áquila".

--Zinneke (Diskussioun) 10:04, 14. Jun. 2018 (UTC)Äntweren

D'Belsch änneren

Moien Nilrom,

Et ass kloer datt verschidden Elementer vun der Aleedung vum Artikel spéider am Text erschéngen. Dat ass och normal, mengen ech. An der Aleedung gëtt normalerweis en Artikel zesummegefaasst. Soss wat soll een dann an der Aleedung setzen, fir näischt ze widderhuelen? "D'Belsch ass e Land"? Kuckt och hei Belgium an hei Belgien w.e.g. Merci. Wimmiden (Diskussioun) 13:51, 24. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren

Moien och,
D'Wikipedia ass kee Geschichtsbuch an deem säitelang Aleedunge geschriwwer ginn. All Informatioun soll an deem Kapitel stoe wou se higehéiert, a wann et eegen Artikele gett da brauch den Detail net am Haaptartikel opgezielt ze ginn. Dofir gëtt et jo Verweiser a Wiklinken an deen een Detailer gewuer gëtt. Wann e gären eng supplementar Informatioun mécht da soll déi op der Plaz gemaach ginn déi dofir virgesinn ass. Domat gëtt fält all iwwerflësseg duebel Informatioun flach. Et soll näischt Duebeles an engem Artikel stoen. --Nilrom (Diskussioun) 14:17, 24. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren
Ma da muss den engleschen Artikel komplett ëmgeschriwwe ginn.. Wimmiden (Diskussioun) 14:43, 24. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren
Do kann d'engleschsproocheg Wiki maache wéi si wëllt. D'lb Wiki orientéiert sech net un den aneren. --Nilrom (Diskussioun) 15:07, 24. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren
Wou sinn d'lb Reegelen opgelëscht? Wimmiden (Diskussioun) 15:25, 24. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren
@ Wimmiden
Dir krut Moien gesot. An där Schabloun sti verschidde Reegelen a Rotschléi. Mä et brauch ee keng Reegelen a keng 7 Joer Uni gemaach ze hunn fir ze verstoen datt an engem enzyklopeedeschen Artikel keng Doublonen als Informatioun solle stoen an datt se ënner deenen Titele solle stoen wéi d'Struktur vum Artikel et virgesäit. --Nilrom (Diskussioun) 16:55, 24. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren
Moien @ Nilrom
Ech respektéieren deng Meenung. Ech sinn awer net esou iwwerzeegt datt en Artikel mat enger Introduktioun vun zwou Linnen misst ufänken. Dir schwätzt iwwer Doublonen. LB-Artikele sinn awer meeschtens kuerz an et gëtt wéineg oder kee Risiko fir Doublonen ze hunn. Ech mengen et ass nach besser därzäit eng informativ Introduktioun ze verfaassen, an dann, graduell Artikelen iwwer spezifesch Domänen beräicheren (Geschicht, Geographie, Wirtschaft ... asw.). Ech wëll hëllefen LB-Wiki méi räich a méi nëtzlech ze maachen. Et war net meng Absicht, Spannungen mat anere Memberen ze kreéieren. MbG. --Wimmiden (Diskussioun) 08:26, 25. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren

"XYZ Meter iwwer N.N." (Normal-Null) änneren

Am Artikel iwwer d'Buergplaz zu Huldang steet och de Verweis op Normal-Null, deen ech an engem aneren Artikel dunn och benotzt hunn. Ech sinn hei fir ze léieren, wat ass dann zu Lëtzebuerg déi Referenz, déi ze benotze wier fir dat richteg auszedrécken?


Moien
Leider huet een oder méi Mataarbechter déi déi den Artikel Normalnull, deen et awer scho laang gëtt net gelies an hu sytematesch gemengt si missten et besser maache wéi d'Auteuren déi déi Informatioun aus guddem Grond ewech gelooss haten. Zu Lëtzebuerg gëllt den Nivellement général du Luxembourg ogekiertzt NG-L. --Nilrom (Diskussioun) 07:17, 30. Aug. 2020 (UTC)Äntweren