Federaalt Parlament vun der Belsch

D'Federaalt Parlament vun der Belsch (nld.: Federaal Parlement; fr.: Parlement fédéral, de.: Föderales Parlament) ass nieft dem Kinnek d'legislatiivt Organ vun der Belsch. Et funktionéiert no engem bikamerale System a setzt sech aus zwou Chamberen zesummen: enger ënneschter Chamber, dem Representantenhaus, an enger ieweschter Chamber, dem Senat. Heibäi ass d'Representantenhaus déi primär legislativ Institutioun; de Senat ass d'Plaz op där sech d'federal Communautéiten a Regiounen treffen.

De Palais vun der Natioun (Palais de la Nation / Paleis der Natie) zu Bréissel

De Begrëff "Federaalt Parlament vun der Belsch" existéiert offiziell net. An der Verfassung steet nëmmen, dat op federalem Niveau de Kinnek an déi zwou Chambere responsabel sinn. En Numm fir déi zwou Chamberen zesumme gëtt net genannt.

Si sinn allebéid am Palais vun der Natioun zu Bréissel.

Um Spaweck änneren