Barcelona ass eng vu véier Provënzen an der spuenescher Regioun Katalounien. D'Haaptstad ass Barcelona.

Barcelona
Wopen Fändel
Basisdaten
Land Spuenien
Autonom
Gemeinschaft :
Katalonien
Haaptstad : Barcelona
Fläch : 7.733 km²
Awunner : 5.332.513 Aw.  (2007 INE)
Lag
Lag vun der Provënz Barcelona

Lag vun der Provënz Barcelona
Lag vun der Provënz Barcelona
Autonom Gemeinschaften - Provënzen

Barcelona grenzt un d'Provënzen Tarragona, Lérida a Gerona an un d'Mëttelmier.

2007 gëtt et 5.332.513 Awunner an der Provënz op enger Fläch vu 7.719 km², dovun een Drëttel an der Haaptstad Barcelona. Domat ass Barcelona déi zweetmeescht bevëlkerte Stad a Spuenien.

Barcelona ass an 11 Géigenden (Comarcas) agedeelt: Alt Penedès, Anoia, Bages, Baix Llobregat, Barcelonès, Berguedà, Garraf, Maresme, Osona, Vallès Occidental a Vallès Oriental.

Déi gréisst Uertschaften nieft der Haaptstad Barcelona sinn: Hospitalet de Llobregat, Badalona, Terrassa, Sabadell, Mataró, Santa Coloma de Gramenet, Cornellà de Llobregat, Sant Boi de Llobregat, Sant Cugat del Vallès, Manresa a Rubí déi all iwwer 70.000 Awunner hunn.


Um Spaweck änneren

Commons: Province of Barcelona – Biller, Videoen oder Audiodateien