Toulouse Business School

D'Toulouse Business School (TBS) ass eng European Business School mat Campussen zu Paräis, London, Barcelona, Casablanca an Toulouse.[1] Si gouf 1903 vun der Toulouser Industrie- an Handelskummer gegrënnt. Den Executive MBA vun der TBS beleet am internationale Ranking vun der Zeitung Financial Times déi 100. Plaz[2].

Toulouse Business School
École supérieure de commerce de Toulouse
Land Spuenien
Schülerzuel 4.100
Gegrënnt 1903
Um Spaweck http://www.tbs-education.fr/

D'TBS huet och e PhD-Programm an eng Rei vu Master-Programmen a spezifesche Managementsgebidder wéi Marketing, Finanzen oder Direction d'Entreprise. D'Programmer vun der TBS sinn op internationalem Niveau dräifach accreditéiert: vun der AMBA, der EQUIS an der AACSB[3].

Méi wéi 30.000 Anciene vun der Schoul sinn an der Politik an an der Business-Welt aktiv, dorënner den Nicolas Todt (PDG ART Grand Prix)[4].

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Toulouse Business School amplifie sa stratégie internationale(fr)
  2. Pourquoi l'executive MBA de TBS est dans le top 100 mondial(fr)
  3. TBS conserve sa triple couronne(fr)
  4. Den Nicolas TODT op art-grandprix.com(fr)