Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Barbara Agostino, gebuer de 6. Juli 1982 zu Esch-Uelzecht,[1] ass eng lëtzebuergesch Geschäftsfra a Politikerin (DP). Si war 2005 déi éischt Kapitänin vun der lëtzebuergescher Dammefoussballnationalekipp[2].

Barbara Agostino
Gebuer 6. Juli 1982
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Democratic Party
Famill
Bestuet mat Tilly Metz

Karriär änneren

D'Barbara Agostino ass eng geléiert Pedagogin an huet vun 2011 bis 2022 ee Reseau vu Crèchë geréiert.[3]

2019 huet si hir Crèche verkaaft, fir en eegene Restaurant op der Fouer opzemaachen.

Zanter dem 5. Oktober 2023 ass si Presidentin vun der Union Titus Péiteng.[4]

Politik änneren

Si gouf e den 11. Juni 2023 bei de Gemengewalen als 18. vun 19 Gemengeréit zu Péiteng mat 1.007 Stëmmen an de Gemengerot gewielt.

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf si Siwent op der DP-Lëscht am Walbezierk Süden. Wéi de Max Hahn de 15. Juni 2023 amplaz vun der Corinne Cahen Familljeminister an der Regierung Bettel-Lenert-Bausch gouf, ass si de 27. Juni an d'Chamber nogeréckelt.[5],[6] Och bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 ass si an d'Chamber nogeréckelt.[7]

Soss änneren

D'Barbara Agostino ass mat der Grénger Europadeputéiert Tilly Metz bestuet.

Referenzen änneren

  1. Fiche op delano.lu.
  2. Video mat der Barbara Agostino. egalitesport.lu. Gekuckt de(n) 19.6.2023.
  3. Quell, wou net anescht uginn: Mariette Zenners: "Wien ass d'Barbara Agostino?" rtl.lu, 15.06.2023.
  4. Titus Petingens neue Präsidentin, Eine Frau, die gegen den Strom schwimmt, Luxemburger Wort, 11.11.2023, S. 84-85
  5. "Barbara Agostino réckelt fir Max Hahn an der Chamber no." rtl.lu, 15.06.2023.
  6. "Barbara Agostino, nouvelle députée dans les rangs du DP: Barbara Agostino a été assermentée lors de la séance publique ce mardi 27 juin 2023." chd.lu, 2023-06-27.
  7. (fr)La Chambre est désormais complète. Chambre des députés du grand-duché de Luxembourg. Gekuckt de(n) 2023-11-21.