Max Hahn

lëtzebuergesche Politiker

De Max Hahn, gebuer den 30. Abrëll 1981[1], ass e lëtzebuergeschen Elektroingenieur a Politiker (DP). Hien ass zanter dem 17. November 2023 Minister fir Famill, Solidaritéiten, Zesummeliewen an den Accueil an der Regierung Frieden-Bettel.[2]

Max Hahn
Gebuer 30. Abrëll 1981
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée des arts et métiers,
Universitéit vu Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Ingenieur
Partei Demokratesch Partei
Member vun Syndicat intercommunal Mondercange-Dippach pour la construction l'entretien et l'exploitation d'une piscine intercommunale à Mondercange, Syndicat intercommunal pour la gestion des déchets en provenance des ménages et des déchets assimilables des communes des cantons de Luxembourg, d'Esch et de Capellen, Syndicat intercommunal de gestion informatique

Biographie änneren

De Max Hahn ass zu Betteng op der Mess opgewuess an ass zu Schuller an d'Primärschoul gaangen. No sengem Technikerdiplom am Lycée des arts et métiers huet hie fir Elektroingenieur op der Universitéit Lëtzebuerg studéiert. Hien huet säi Studium als beschte vun 200 Studenten ofgeschloss.[Source?]

Zanter 2005 ass hien an der DP aktiv.

Zanter de Gemengewale vun 2005 war hien am Gemengerot vun der Gemeng Dippech, an am Januar 2009 war hien eng Woch laang zweete Schäffen[3], mä schonn d'Woch drop huet déi éischt Schäffin Gaby Schaul der DP de Réck gekéiert, déi sou d'Majoritéit verluer huet, an hie koum nees op Conseillersbänk[4],[5].

Zanter de Gemengewalen 2011 war hien nees Schäffe vun der Gemeng Dippech a vun Abrëll 2010 bis Mäerz 2014 President vun der JDL.

No de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ass hien de 5. Dezember 2013 an d'Chamber "nogerëtscht" an d'Plaz vum Claude Meisch, dee Minister gouf[6]. Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien an d'Chamber erëmgewielt[7].

Den 28. November 2015 gouf hien zum Éischte Vizepresident vun der Demokratescher Partei gewielt.

De 15. Juni 2023 gouf hien als Nofollger vun der Corinne Cahen zum Minister fir Famill a fir d'Groussregioun vereedegt, nodeems si hire Ministeschposten opginn hat, fir an der Folleg vun de Gemengewalen 2023 e kommunaalt Mandat an der Stad unzehuelen.[8],[9],[10].

Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf hien erëmgewielt.[11] Hien huet awer op säin Deputéiertemandat verzicht, fir Minister fir Famill, Solidaritéiten, Zesummeliewen an den Accueil an der Regierung Frieden-Bettel ze ginn.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. fiche op chd.lu.
  2. Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.
  3. An der Koalitioun LSAP-DP war virgesinn datt d'LSAP déi éischt dräi Joer sollt den Zweete Schäffe stellen, an d'DP déi lescht dräi Joer
  4. wort.lu: "Schöffe für ein Wochenende" vereidigt
  5. dippach.lu
  6. Assermentation de 25 nouveaux députés." chd.lu, 5. Dezember 2013.
  7. elections.lu.
  8. Ines Kurschat: "Max Hahn: Familienminister auf Probe." wort.lu [w+], 15. Juni 2023.
  9. (fr)Arrêté grand-ducal du 15 juin 2023 portant nomination de Monsieur Max HAHN à la fonction de Ministre. data.legilux.public.lu (15.06.2023). Gekuckt de(n) 17.06.2023.
  10. (fr)Arrêté grand-ducal du 15 juin 2023 portant attribution des compétences ministérielles aux membres du Gouvernement. data.legilux.public.lu (15.06.2023). Gekuckt de(n) 17.06.2023.
  11. elections.lu.