D'Blette ass e franséische Floss am Departement Meurthe-et-Moselle.

Si huet hir Quell an de Bëscher am Oste vu Badonviller um Lieu-dit La Grande Nablotte op enger Héicht vu 480 Meter, nërdlech vum Séi vu Pierre-Percée dem gréisste Stauséi a Loutrengen.

Si leeft vun der Quell aus no Westen duerch Badonviller, Saint-Maurice-aux-Forges, Montigny a Mignéville, fir tëscht Herbéviller a Saint-Martin an d'Vezouze ze lafen.

Op Kaarten aus dem 18. Joerhonnert huet se den Numm Lemblene.