D'Elisabeth Kox-Risch, gebuer den 10. Juni 1926 zu Réimech an och do gestuerwen de 7. August 1999, war eng lëtzebuergesch Politikerin an Anti-Atomkraaft-Aktivistin.

Élisabeth Kox-Risch
Gebuer 10. Juni 1926
Gestuerwen 7. August 1999
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Den 8. Dezember 1955 war si Grënnungsmember vun der Fraen a Mammen-Sektioun Réimech, wou Si wärend 40 Jore Presidentin war (bis 1995). Si war bis 1974 Member vun der CSV a Presidentin vun der CSV-Fraesectioun Bezierk Osten (säit 1969) an de 4. Februar 1973 ass si zur Nationalpresidentin vun der CSV-Fraenorganisatioun gewielt ginn.

Wéi 1973/74 d'Pläng vun der Lëtzebuerger Regierung bekannt goufen, eng Atomzentral zu Remerschen bauen ze loossen, gouf si ee vun den Haaptaktiviste géint dëse Projet. Si huet d'Biergerinitiativ Museldall (BIM) mat an d'Liewe geruff a gouf hir Presidentin. Wéinst hirem Engagement (d'CSV, déi dunn nach an der Regierung war, war fir de Bau) gouf se virun de Chamberwale vun 1974 op engem Sonnerkongress vun der CSV vun der Lëscht vum Bezierk Osten, wou se Kandidatin war, ofgewielt. Doropshin ass d'Élisabeth Kox-Risch aus der CSV ausgetrueden.

Si huet 1976 matgehollef, de Comité national d'action pour un moratoire ze grënnen, eng Plattform vu Vereenegungen, dorënner d'BIM, déi géint de Bau vun der Remerscher Atomzentral (a spéider och géint déi zu Cattenom) waren.

1994 huet si fir déi gréng fir d'Chamberwale kandidéiert.

Si war mam François Kox (1919-2004) bestuet a Mamm vun 11 Kanner: Martin, Bernadette, Madeleine, Suzette, Antoinette, Laurent, Yolande, Joseph, Benoît, Henri a Mariette.

Um Spaweck änneren