Organisation internationale de la francophonie

D'Organisation internationale de la francophonie (OIF) ass eng Institutioun där hir Memberen (d'Staaten oder Regierungen déi matmaachen) franséischsproocheg sinn (op d'mannst deelweis) a verschidde gemeinsam Wäerter hunn oder deelen, sou z. B. d'kulturell Diversitéit, de Fridden, d'demokratesch Gouvernance, de Schutz vun der Ëmwelt, asw.

Logo vun der OIF

Zur OIF gehéieren 80 Staaten oder Regierungen (57 Memberen an 23 Observateuren), d.h. méi wéi 900 Milliounen Awunner op de fënnef Kontinenter, déi zesumme 14% vun der Weltbevëlkerung ausmaachen[1].

D'OIF stäipt sech op fënnef Operateuren:

  • d'Agence intergouvernementale de la francophonie (AIF): dës Agence geréiert ë. a. Kooperatiounsprogrammer am Beräich vun der Educatioun an der Kultur; de Budget an d'Aktivitéite vun der AIF gi vun der Ministerkonferenze vun der Francophonie decidéiert;
  • d'Agence universitaire de la francophonie (AUF) déi 1961 gegrënnt gouf an déi Héichschoulen a Fuerschungszenteren uechter d'Welt regruppéiert;
  • TV5 a France 24, déi eenzeg franséischsproocheg Tëleesprogrammer déi (bal) iwwerall op der Welt disponibel sinn;
  • d'Université Senghor d'Alexandrie (Egypten) déi 1989 um Sommet vun Dakar gegrënnt gouf an op där op Franséisch enseignéiert gëtt. D'Uni gëtt als international gemengnëtzeg unerkannt;
  • d'Association internationale des maires francophones (AIMF): se regruppéiert 156 Haapt- oder Groussstied a 46 franséischsproochege Länner a këmmert sech ëm Sujeten wéi den Urbanismus an d'Verwaltung vun de Gemengen

an op eng berodend Versammlung, d'Assemblée parlementaire de la Francophonie (APF).

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Assemblée parlementaire de la Francophonie.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Websäit vun der Organisation internationale de la Francophonie, fir d'lescht gekuckt de 17. September 2016