Asellus Borealis (Stär)

(Virugeleet vu(n) Asellus Borealis)

Den Asellus Borealis (lat. „nërdlecher Iesel“) ass de Stär γ Cancri (Gamma Cancri). Hie gehéiert zu der Spektralklass A0 an huet eng visuell Magnitude vu +4,7 mag. Seng Distanz zu eiser Sonn ass ronn 160 Liichtjoer.

Stärebild Cancer. Déi rout gestréchelt Linn ass d'Ekliptik.

Den Asellus Borealis kann als ekliptiknoe Stär vum Äerdmound a ganz rar vu Planéite bedeckt ginn.

An der griichescher Mythologie stellen den Asellus Borealis an den Asellus Australis (südlechen Iesel, zweethellste Fixstär am Cancer) déi zwee Laaschtdéieren duer, déi de Gott Dionysos bei enger vu sengen Irrweeër duerch Virasien iwwer ee Floss droen an als Merci op den Himmel versat huet. Si stinn do béidsäiteg vum Stärekoup vun der Krëpp (Praesepe oder M 44).

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie