Den Artois ass eng natierlech Géigend, fréier Grofschaft a fréier Provënz am Norde vum haitege Frankräich am Departement Pas-de-Calais an am Departement Nord. D'Haaptstad ass Arras. D'Nopeschgebidder sinn d'Franséisch-Flandren, de Franséischen Hainaut, d'Picardie an de Boulonnais.

Den Artois huet laang zum Ensembel vun de burgundeschen an duerno spueneschen Nidderlande gehéiert, ier en am Traité vun de Pyrenäen 1659, wéi och Deeler vum Herzogtum Lëtzebuerg (Montmédy, Raville, Diddenuewen...), vum Kinnek Louis XIV. annektéiert gouf.

Um Spaweck änneren

Commons: Artois – Biller, Videoen oder Audiodateien