Andy Maar

lëtzebuergesche Politiker

Den Andy Maar, gebuer den 19. Dezember 1983, ass e lëtzebuergesche Politiker vu Reiler.[1]

Andy Maar
Den Andy Maar um Landeskongress vum Oktober 2011
Gebuer 19. Dezember 1983
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée Guillaume-Kroll
Aktivitéit Politiker, Informatiker
Partei Piratepartei Lëtzebuerg

Hien ass Member vun der Piratepartei Lëtzebuerg, Generalsekretär vun der LGBT-Vereenegung Rosa Lëtzebuerg, Matgrënner vun der Initiativ ...och fir eis! a Member vun der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker. Hien huet am LTE eng Ausbildung als Telekommunikatiounselektroniker gemaach.

Den Andy Maar ass den Enkel vum Resistenzler Emile Maar.

Politesch Karriär änneren

2010 ass den Andy Maar zum Nationalpresident vun der ADR-Jugendorganisatioun ADRenalin gewielt ginn. 2011 gouf en a sengem Amt bestätegt. Donieft war e Member am Nationalkommitee souwéi dem Exekutivkommitee vun der Mammepartei adr. Als Vertrieder vun der Adrenalin, deenen hir Mammepartei Member an der AECR ass, war hie lëtzebuergeschen Delegéierten um Grënnungskongress vun den EYC.

No de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 ass hien dunn zesumme mat engem Deel vum ADRenalin-Nationalkommitee den 11. Oktober wéinst politeschen an ideologeschen Differenzen zeréckgetrueden. Hien huet de selwechten Dag d'Partei verlooss, dat nodeems dës eng konservativ a méi nationalistesch Richtung ageschloen huet.[2]

No sengem Antrëtt an d'Piratepartei Lëtzebuerg ass en den 29. Oktober 2011 um Landeskongress zum Tresorier gewielt ginn. 2013 war hie fir d'Chamberwalen Spëtzekandidat fir de Bezierk Norden. Hien huet dono nach fir d'Europawalen 2014, d'Gemengewalen 2017 souwéi d'Chamberwalen 2018 fir d'Piratepartei kandidéiert. Den Andy Maar war vum 24. November 2013 bis den 10. Dezember 2017 Generalsekretär vun der lëtzebuergescher Piratepartei.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Den Andy Maar am Presidium vun der Piratepartei Archivéiert op 2012-03-22. Gekuckt de(n) 2012-03-22.
  2. Statement vum Andy Maar sengem Austrëtt aus der ADR