André Thyes
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Moler André Thyes. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. André Thyes (Homonymie). |
Den André Thyes gebuer de 25. Mee 1867 [1] an der Stad Lëtzebuerg, och do gestuerwen den 3. Abrëll 1952,[2] war e lëtzebuergesche Moler.
André Thyes | |
---|---|
Gebuer | 25. Mee 1867 |
Gestuerwen | 3. Abrëll 1952 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Famill | |
Kanner | Léon Thyes |
Den André Thyes huet zu München, Antwerpen, Paräis a Léiwen Konscht studéiert, an ass 1894 an der Stad als Zeecheprof ugestallt ginn.
Schonn ee Joer virdru war hie mat derbäi, wéi de Cercle artistique de Luxembourg gegrënnt gouf, a vun 1904 bis 1910 deem säi President. Bis 1933 war e Konschtprofesser an der Industrieschoul.
Säi Wierk besteet virun allem aus Landschaftsbiller, Aquarellen an Uelegbiller, déi am Stil vum Impressionismus a Pointillismus gemoolt sinn.
Hie gouf mam Prix Grand-Duc Adolphe 1915 ausgezeechent.
Den André Thyes war de Papp vum Schrëftsteller Léon Thyes.
GielercherÄnneren
- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne. (Promotioun 1923)[3]
Kuckt ochÄnneren
ReferenzenÄnneren
- ↑ Gebuertsakt. Gekuckt de(n) 30/10/2020.
- ↑ Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S.
- ↑ Lëscht vun de Leit déi 1923 am Ordre d ela couronne de chêne ausgezeechent goufen