En Actionfilm ass e Filmgenre an deem et generell ëm een oder méi Personnagë geet, déi fir dat Gutt stinn an d'Helde vum Film sinn, an ëm een oder méi Personnagen, déi fir dat Béist stinn. Si stinn an engem Konflikt, dee mat Gewalt geléist gëtt. Als Gewënner geet ëmmer den Held ervir.[1]

Bekannt Actionfilmschauspiller: Sylvester Stallone, Arnold Schwarzenegger, Bruce Willis, Chuck Norris, Jean-Claude Van Damme, Jackie Chan, Steven Seagal e Dolph Lundgren

An net all Actionfilm geet et ëm Antagonisten. Heiansdo steet am Mëttelpunkt vum Film och en Antiheld, deen net all déi "gutt" Qualitéite vun engem Held wéi dem James Bond huet, mee deen trotzdeem d'Sympathie vum Zuschauer huet. Beispiller sinn de Rambo an de Mad Max an den eponyme Filmer, déi enger grousser Gefor ausgesat sinn an alles dru setze fir ze iwwerliewen.[1]

Vill aner Filmgenren iwwerhuelen dacks Elementer vun Actionfilmer, wéi zum Beispill Krichsfilmer, Superheldefilmer, Policefilmer, Western an anerer. Och vill Science-Fiction-Filmer a Fantasyfilmer sinn Actionfilmer, wéi zum Beispill d'Filmrei Star Wars. Normal kämpfen d'Protagoniste fir en Zil wéi e Schatz, d'Opléise vun engem Mysterium oder d'Befreie vun enger Persoun.

Generell handelt et sech ëm deier an opwendeg Filmproduktiounen, mat Stunts a Spezialeffekter. Heefeg Elementer an Actionfilmer sinn Explosiounen, Schéissereien, Nokampfzeenen a Verfolgungsjuegte mam Auto. Et geet vill manner ëm komplex Geschichten oder d'charakterlech Entwécklung vun de Figuren, wéi an engem Filmdrama.[2]

Vill Actionfilmer, déi e kommerzielle Succès waren, kruten eng oder e puer Fortsetzungen, zum Beispill Rambo: First Blood (1982), The Terminator (1984), Die Hard (1988), Mission: Impossible (1996) an The Bourne Identity (2002).

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 englishclub.com: History of Action Movies (net datéiert; gekuckt de 17. Januar 2022)
  2. filmbug.com: Action Movies (net datéiert; gekuckt de 17. Januar 2022)