Logo Parteizentral
76-78 rue des Suisses
92000 Nanterre
Frankräich
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 5. Oktober 1972
Memberen: 51.551 (2015)[1]
Ideologie: Nationalismus
Nationalkonservatismus
Populismus
Etatismus
Anti-Immigratioun
Antimondialismus
Protektionismus
Souveränismus
Euroskeptizismus
Faarwen: Blo-Wäiss-Rout
Europäesch Affiliatioun: Beweegung fir en Europa vun
den Natiounen an de Fräiheeten
Websäit: www.frontnational.com

De Rassemblement national (kuerz: RN, bis Juni 2018 Front National, FN) ass eng franséisch politesch Partei. Si gëllt als rietsextrem,[2],[3] mee d'Vertrieder vun der Partei weisen déi Bezeechnung zeréck.

Den RN gouf 1972 als Front national pour l'unité française ënner anerem vum Jean-Marie Le Pen gegrënnt, deen och vun 1972 bis 2011 den éischte President war. Zënter 2011 steet seng Duechter, d'Marine Le Pen, un der Spëtzt vun der Partei.

An der franséischer politescher Landschaft konnt sech d'Partei an den 1980er etabléieren. Bei de Legislativwalen 1986 zum Beispill goufe 35 Kandidate vum Front national als Deputéiert gewielt. De Jean-Marie Le Pen war fënnefmol Kandidat bei de franséische Presidentschaftswalen, an 2002 ass et him gelongen, an den zweeten Tour géint de Jacques Chirac ze kommen.

D'Marine Le Pen probéiert, den FN z'ent-demoniséieren[4] a vu senger offensichtlech rietsextremer Kultur ewech ze bréngen, ënner anerem an deem si kontrovers Memberen aus der Partei gehait. Sou huet de Front national de Jean-Marie Le Pen am Mee 2015 suspendéiert, well hien nees eng Kéier d'Gaskummere vun den Nazien als "Detail an der Geschicht vum Zweete Weltkrich" bezeechent huet.[5] Zënter der Marine Le Pen hirer Wal als Parteipresidentin ass d'Popularitéit vum FN gewuess a si huet 2012 de beschte Score fir d'Partei bei enger Presidentschaftswal erreecht (17,9 %).[6] Duerno konnt de Front national nach weider Walerfolleger feieren, dorënner bei den Europawalen 2014, bei deenen e bal 25% vun de Stëmme krut. Zënterhier gëllt d'Partei als eng vun de stäerkste politesche Parteien a Frankräich.[7]

D'Marine Le Pen huet et bei de Presidentschaftswalen 2017 mat 21,30% vun de Stëmmen an den zweeten Tour gepackt. Do krut si 33,90% vun de Stëmmen an huet géint den Emmanuel Macron verluer. Obwuel si d'Wal net gewonnen huet, krut si am zweten Tour awer nach iwwer 10 Millioune Stëmmen.[8]

Zu de wichtege politesche Richtlinne vum Front national gehéiere wirtschaftleche Protektionismus, eng Null-Toleranz-Approche wat Recht an Uerdnung betrëfft an de Stopp vun der Immigratioun. Den FN ass och eng euroskeptesch Partei, déi géint d'Europäesch Unioun ass zënter hirer Grënnung am Joer 1993.

Am Mäerz 2018 huet d'Marine Le Pen sech fir eng Ännerung vum Numm vun der Partei ausgeschwat, well deen e "frein psychologique" wier.[9] Den 1. Juni ass dunn offiziell aus dem FN de Rassemblement national ginn.[10] De Logo mat der blo-rouder Flam ass bäibehale ginn.

Presidenten änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Front national – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. L'Opinion: 51.551 adhérents au Front national (24. Juni 2015)
  2. Washington Post: French far-right leader seeks to reintroduce death penalty after Charlie Hebdo attack (8. Januar 2015)
  3. Libération: Depuis 2011, le FN est devenu «protectionniste au sens large» (21. Abrëll 2014)
  4. Policy Network: The French National Front: On its way to power? (22. Janur 2015)
  5. RTS: Jean-Marie Le Pen "suspendu" du Front national (5. Mee 2015)
  6. Le Figaro: Marine Le Pen ne donne pas de consigne pour le second tour (1. mee 2012)
  7. The Independant: Rise of the French far right: Front National party could make sweeping gains at this month's local elections (1. Mäerz 2015)
  8. 20 Minutes: Résultat présidentielle: Derrière la défaite électorale, les victoires du Front national (8. Mee 2017)
  9. lesinrocks.com: Du Front national au Rassemblement national : au XVIe congrès du FN, le changement dans la continuité (11. Mäerz 2018)
  10. france24.com: Le Front national perd son appellation historique et devient Rassemblement national (1. Juni 2018)