Europäesch Schoul

(Virugeleet vu(n) Europäesch Schoulen)

D'Europäesch Schoulen (Schola Europaea) sinn international Privatschoulen, déi zesumme mat de Regierunge vun de Memberstaate vun der EU gegrënnt goufen, an déi fir Kanner vun Elteren, déi an europäeschen Institutioune schaffen, geduecht sinn. Si vermëttelen en Unterrecht an der eegener Sprooch (Mammesprooch) a bestinn do, wou grouss europäesch Institutiounen hire Sëtz hunn. All voll beschäftegt Léierkräfte gi vun den nationale Parlamenter recommandéiert.

Si ënnerleien de gesetzleche Bestëmmunge vun den ëffentlech-rechtlechen Ariichtungen an de jeeweilege Länner, wou se hire Sëtz hunn.

D'Europäesch Schoule sollen net mat den Europaschoule verwiesselt ginn, sou wéi se haaptsächlech an Däitschland bestinn.

D'Geschicht vun den Europäesche Schoule fänkt zu Lëtzebuerg un änneren

 
D'Gebai vun der éischter Europäescher Schoul zu Lëtzebuerg (haut ass do den INLL dran,
Fichier:MarcelDecombis1959.jpg
De Marcel Decombis, Direkter vun der éischter Europäescher Schoul zu Lëtzebuerg

Déi éischt Europäesch Schoul gouf op d'Initiative vun enger Grupp vu Beamte vun der CECA a mat der Ënnerstëtzung vun hiren Institutiounen, an der lëtzebuergescher Regierung den 12. Oktober 1953 zu Lëtzebuerg gegrënnt. Un der Grënnung hat den deemolege Greffier vum Geriichtshaff vun der CECA, den Albert van Houtte, e groussen Undeel. Hiren éischten Direkter war de Marcel Decombis.

D'Erzéiungserfahrungen déi opgrond vun der Abezéiung vu Kanner vu verschiddenen Nationalitéiten a Mammesprooche gemaach goufen, hate grousse Succès an hunn zu enger enker Zesummenaarbecht vun den Erzéiungsadministratiounen an de Memberlänner gefouert, besonnesch am Beräich vun de Schoulprogrammer, der Auswiel vun de Léierkräften, an der Unerkennung vun den ausgestallten Diplomer. D'Ënnerzeechnung vum Protokoll iwwer d'Europaschoul zu Lëtzebuerg huet aus hir eng éischt offiziell Europäesch Schoul gemaach. Den éischten europäeschen Abitur-Examen, deen am Juli 1959 ofgehale gouf, huet domat hiren Abiturienten de Wee zu allen Universitéite vun de Memberlänner opgemaach.
Den Erfolleg vun der éischter Europäescher Schoul huet dozou gefouert, dat op anere Plazen, wou Europäesch Institutiounen hire Sëtz hunn, aner Europäesch Schoule gegrënnt goufen.

Europäesch Schoulen, déi haut bestinn änneren

Haut (Stand: November 2017) gëtt et dräizéng Europäesch Schoulen a sechs verschiddene Länner; d'Schoul vu Culham a Groussbritannien, déi 1978 gegrënnt gouf, huet den 31. August 2017 hir Dieren definitiv zougemaach[1].

Lëscht vun den Europäesche Schoulen
Land Stad Numm gegrënnt
  Lëtzebuerg Kierchbierg (fréier um Glacis) Lëtzebuerg I [1] 1953
  Belsch Uccle Bréissel I [2] 1958
  Belsch Mol European School Mol [3] 1960
  Italien Varese Scuola Europea di Varese [4] 1960
  Däitschland Karlsruhe Europäische Schule Karlsruhe [5] 1962
  Holland Bergen European school Bergen [6] 1963
  Belsch Woluwe-Saint-Lambert Bréissel II [7] 1974
  Däitschland München Europäische Schule München [8] 1977
  Belsch Ixelles Bréissel III [9] 2000
  Däitschland Frankfurt Europäische Schule Frankfurt [10] 2002
  Spuenien Alicante Escuela Europea de Alicante [11] 2002
  Lëtzebuerg Bartreng / Mamer Lëtzebuerg II [12] 2004
  Belsch Laeken Bréissel IV [13] 2007

Enn 2015 ware ronn 25.000 Schüler an Europäesche Schoulen ageschriwwen.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. The European School Culham gekuckt den 12. November 2017