Déi Al Kierch, och nach St. Laurenz Kierch, zu Dikrech steet am Staddeel Al Dikrech. Se ass aus dem 6. Joerhonnert.

D'Kierch ass zanter 1978 als Nationaalt Monument klasséiert.[1]

Geschicht änneren

D'Kierch vum hellege Laurenz huet sech a siwe Phasen entwéckelt.

Am Laf vum 6. oder 7. Joerhonnert gouf op de Reschter vun enger fréierer réimescher Hal e chrëschtlecht Gebai opgeriicht. Déi rechteckeg Hal war 16 op 10 Meter grouss a gouf mat engem Hypokaustum gehëtzt, dee waarm Loft a symmetresche Kanäl ënner de Buedem an a Réier an der Mauer no uewe geleet huet. Se goufe mat Huelzille gebaut, déi ee bannen an der Kierch an an der Krypta gesi kann. D'Holzkuele goufen an engem Heizraum verbrannt dee baussent der Hal louch, op där Plaz wou haut den Tuerm steet. Wéi d'Hellegtum do drop opgebaut gouf, do stoungen nach d'West- an d'Südsäit mat enger Héicht vu 7 m, wat ongeféier der Héicht vun de Peiler entsprécht. Den ieweschten Deel vun der Rumm vun der Agangspaart vun 2,9 m Héicht an 2,5 m Breet kann een nach haut an der Mëtt vun der südlecher Mauer gesinn. Riets nieft där Paart verstoppt haut e gotesche Peiler eng réimesch Fënster, vun deenen et der virdru jee 4 oder 5 op der Nord- an der Südsäit gouf.

Zu engem net bestëmmbaren Zäitpunkt gouf op der Nordsäit nach e méi klenge Raum ugebaut.

An enger drëtter Phas gouf déi réimesch Paart zougemauert an eng nei vun 1,35 m Breet an d'Westsäit gebrach. D'Mauere vun dëser preromanescher Kierch goufen ëm 2,5 m gehéicht a krute fënnef kleng Fënsteren. Op der Baussesäit vum Westgiewel gouf e Kräiz aus de réimeschen Huelzille gebaut.

Well Buedem vum Härebierg erofgespullt gouf, louch ëm d'Joer 1000 de baussenzege Buedemniveau 1,6 m iwwer deem bannenzegen, wat dunn deelweis ausgeglach gouf andeems de Buedem vun der Kierch 1 m gehuewe gouf a kleng Träppleker an d'Kierch erofgefouert hunn. Op der Ostsäit koum e ronne Chouer bäi. Ronderëm d'Kierch louch e Kierfecht, dee vum 10. bis an d'17. Joerhonnert a Gebrauch war, an an eng Krypta ënner der Kierch gesäit ee vu baussen duerch eng ënnerierdesch Fënster vum Musée, deen direkt vis-à-vis vun der Kierch ass.

Am 12. Joerhonnert gouf e romanesche Klackentuerm op der Westsäit ugebaut.

An enger sechster Phas huet d'Gotik gréisser Verännerunge mat sech bruecht. 1467 gouf d'Kierch no Norden hin erweidert, soudatt d'Aganksdier net méi an der Mëtt louch, an déi nei 12 m Breet zwee Schëffer erlaabt huet. Déi ronn Apsis gouf mat engem quadratesche Chouer ersat, den hëlzene Plaffong krut e spéitgotescht Kräizrëppeverwëllef an amplaz vun de fënnef klenge Fënstere koumen dräi grousser. De Buedem bannena krut säin haitegen Niveau a bausse si Stëtzmaueren aus roudelzegem Kalleksteen ugebaut ginn. Aus dem 15. Joerhonnert sinn och de Fresko am Haaptschëff, deen den hellegen Eligius weist, wéi och d'Fresken am Chouer, déi als Haaptmotiv Zeenen aus dem Liewe vum hellege Laurentius hunn. D'Fresken um Plaffong mat hire Planzemotiver sinn eréischt am 16. a 17. Joerhonnert entstanen.

1754 huet e Feier d'Kierch uerg gerëselt. Am Kader vum Erëmopbau gouf de Peiler op der lénkser Säit vum Chouer ewechgeholl, fir de Gleewegen eng besser Siicht op den Altor z'erméiglechen. D'Statu vum hellege Rochus staamt och aus dem 18. Joerhonnert.

Bis an d'Joer 1868 war se Parkierch, wéi se du vun der haiteger Dekanatskierch nieft der Kluuster (Place Guillaume) ofgeléist gouf. De Gemengerot hat 1879 an duerno nach eng Kéier 1897 decidéiert fir déi al Kierch ewechrappen ze loossen, mä et ass net dozou komm. D'Kierch déi ëmmer méi zu enger Ruin degradéiert ass, gouf schliisslech 1912 ënner der Leedung vum Staatsarchitekt Charles Arendt eng éischt Kéier restauréiert. Dobäi gouf och de ronnen Tiermchen um Nord-westlechen Eck bäigebaut.

Déi barock Holzstatue vun zwéi Bëscheef sinn e Kaddo vum Joseph Bech, Bierger vun der Stad Dikrech a fréiere lëtzebuergesche Staatsminister.

1978 gouf d'Kierch op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.

D'Uergel änneren

D'Uergel vun 1999 ass aus der Uergelmanufaktur Romanus Seifert & Sohn vu Kevelaer.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel Al Kierch Dikrech.

Poleemik ëm den Iesel um Kierchtuerm änneren

 
Den Iesel um Kierchtuerm (August 2013).

2013 goufe Renovatiounsaarbechten um Tuerm vun der Kierch gemaach an dobäi gouf am Mee de Kierchhinnchen erofgeholl an duerch een Iesel ersat.[2],[3]

Am August 2013 huet de Kulturministère der Gemeng matgedeelt, datt den Iesel muss erofgeholl ginn, dat well bei Renovéierungsaarbechten näischt un engem klasséierte Gebai däerf verännert ginn, datt also och den Hinnchen um Tuerm muss erhale bleiwen.[4],[5]

D'Nofollgerin vun der Octavie Modert (CSV) am Kulturministère, d'Maggy Nagel (DP), huet déi Saach net sou enk gesinn an huet dem Lëtzebuerger Wort no erkläert datt "...si sech net mat sou onwichtege Saache wéilt ophalen. Wann d'Gemeng Dikrech géif mengen datt deen Iesel gutt a wichteg uewen um Tuerm wier, da soll en och do bleiwen, mat oder ouni Autorisatioun".[6]

Literatur änneren

  • Bauler, André, 2010. Als der Diekircher Stadtrat die "Al Kierch" abreißen wollte - Zu einer Polemik aus dem 19. Jahrhundert, récré 25, S. 129-145.
  • S.I. Diekirch, 2002.Diekirch, Eglise St. Laurent. (Broschür a 4 Sproochen, 16 S.)

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Al Kierch Dikrech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Esel statt Gockel op wort.lu de 17. Mee 2013
  3. NiM, 2013. Wenn aus einem Hahn ein Esel wird... Luxemburger Wort vum 18. Mee 2013, S. 42.
  4. (NiM), 2013. Diekirch: Der Esel muß weg. Brief des Kulturministeriums an die Gemeideverwaltung. Luxemburger Wort vum 6. August 2013, S. 17.
  5. Lamberty, J., 2013. Nach Debatte um Wetteresel an der Turmspitze der "al Kierch" in Diekirch. Humor, Historie, Hysterie... Kulturministerin Oktavie Modert warnt vor Polemik und mahnt zu Respekt vor Denkmalschutz. Luxemburger Wort vum 9. August 2013, S. 17.
  6. Auf Anfrage liess die DP-Politikerin nun nämlich wissen, dass sie sich nicht mit solch,"unwichtigen Dingen" aufhalten möchte. Wenn die Gemeinde Diekirch meine, der Esel sei gut und wichtig da oben an der Turmspitze, dann solle dieser doch da bleiben, mit oder ohne Genehmigung. Esel darf auf Turm der Alten Kirche in Diekirch bleiben, wort.lu 5.Februar 2014.