Al Estgen

lëtzebuergeschen Historiker

Den Aloyse ("Al") Estgen, gebuer 1942 a gestuerwen 2021, war e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Fuerscher an Auteur.

Al Estgen
Gebuer 1942
Gestuerwen 2021
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Lycéesprofesser

Den Al Estgen huet zanter 1972 a bis zu senger Pensionéierung Geschicht an Däitsch am Lycée Michel-Rodange an der Stad enseignéiert. Virdru war hien am Dikrecher Kolléisch ugestallt.

Am Kader vu sengem Stage pédagogique hat hien 1969 eng Thees zum Theema "Stadrecht zu Iechternach an an der Stad" verdeedegt[1]. Dat war den Ufank vun enger laanger Aktivitéit als Geschichtsfuerscher, souwuel um lokale wéi och um regionalen oder nationale Plang.

Hien huet vill eleng geschafft, mee och mol mam Centre luxembourgeois de documentation et d'étude du Moyen Âge (CLUDEM) collaboréiert, oder mat Historiker, déi sech mat der moderner Geschicht ofginn, d. h. mam Ancien Régime. Sou huet den Al Estgen mam Michel Pauly a mam Jean Schroeder zesummen weider um Urkunden- und Quellenbuch zur Geschichte der altluxemburgischen Territorien, dat viru laanger Zäit vum Camille Wampach begrënnt gi war, geschafft; a mam Pol Schiltz a mam Pierre Kauthen zesummen huet hien ë. a. d'Wierk Gottfried von Apremont, Abt und Herr in Echternach (1539-1562). Urkunden- und Quellenbuch produzéiert.

Vun 2004 bis 2020 huet den Al Estgen all Joer een historesche Bäitrag fir d'Programmheft vu Musek am Syrdall (Saison musicale zu Menster) geliwwert. An deene Bäiträg huet en sech haaptsächlech fir dat alldeeglecht Liewen (Aarbecht, Verwaltung, Justiz, Hexerei, asw.) a fir d'Kultur interesséiert, besonnesch an den Dierfer Menster, Ouljen a Betzder.

Hien huet awer och méi oder manner laang biographesch Skizze vu Geeschtleche publizéiert, sou z. B. vum Iechternacher Abt Robert von Monreal (1506-1539) oder vum Paschtouer (ë. a. vu Fréiseng) Laurentius Asselborn, dee sech fir d'Reformatioun interesséiert huet an dofir an d'Laberente geroden ass.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • (Mam Michel Pauly a mam Jean Schroeder editéiert), Band XI [vum Urkunden- und Quellenbuch (...)]: Die Urkunden Graf Johanns des Blinden (1310-1346), Teil 1: Die Urkunden aus Luxemburger Archivbeständen; Lëtzebuerg (CLUDEM), 1997; 155 Säiten; Teil 2 = Bd. 22 vun de Publikatioune vum CLUDEM, Lëtzebuerg 2009.
  • (Mam Pol Schiltz), Robert von Monreal, Abt und Herr in Echternach (1506-1539); Tréier (Kliomedia), 2016.
  • (Mam Pol Schiltz a mam Pierre Kauthen editéiert), Gottfried von Apremont, Abt und Herr in Echternach (1539-1562). Urkunden- und Quellenbuch; Willibrordus-Bauverein, Iechternach & Tréier (Verlag für Geschichte und Kultur), 2022; 626 Säiten.
  • Charivari - Das Landleben in Luxemburg 1500-1800[2] (eng posthum Sammlung vun Artikelen, beaarbecht an erausgi vun den Häre Gusty Braun, Pol Schiltz a Jeannot Waringo); [Lëtzebuerg] (Drock: Imprimerie Centrale), 2023 (1. Oplo); 290 Säiten. ISBN 978-99959-0-910-9 - Op der S. 288 fënnt een eng Lëscht vum Al Estgen senge villen Artikelen, Studien a gréisser Publikatiounen, déi am Laf vun der Zäit erauskomm sinn.


Referenzen änneren

  1. Das Stadtrecht in Echternach und Luxemburg bis zur Zeit Maria Theresias [(5 S.), XIV S., 178 S., (3 S.), ill.].
  2. Marc Jeck, Die nackte Wahrheit: Skandale, Missbrauchsaffairen und noch vieles mehr, Historische Skizzen und Artikel über das Landleben in Luxemburg zwischen 1500 und 1800 von Al Estgen sind posthum in Buchform erschienen, Die Warte, 8/|2786, S.8, Luxemburger Wort, 7.3.2024