Jeannot Waringo
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jeannot Waringo, gebuer den 11. Juli 1952 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergeschen Ekonomist a fréiere Staatsbeamten am Finanzministère, wou en Direkter vun der Inspection générale des finances war.
Jeannot Waringo | |
---|---|
Gebuer |
11. Juli 1952 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Ekonomist, Fonctionnaire, Eisebunner |
De Jeannot Waringo ass respektiv war do donieft President vum Verwaltungsrot vun der CFL, vu Lux-Development an och Member vun de Verwaltungsréit vun ë. a. ArcelorMittal Luxembourg, dem Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, dem Mudam, der SEO, dem Lux-Airport an dem Fonds du logement.
Ausserdeem ass hie President vun der Asbl Musek am Syrdall.
Tëscht Juni 2019 a Januar 2020 huet hien am Optrag vun der Regierung eng Analys vun der Personalpolitik um Groussherzoglechen Haff gemaach. 2021 gouf en domat chargéiert, den Ëmgank mat der Corona-Pandemie an den Alters- a Fleegeheemer an de Clusteren déi a verschiddenen Haiser opgetruede waren, z'ënnersichen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Waringo Rapport.
Gielercher
änneren- Grand Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2012)[2]
Um Spaweck
änneren- (lb)2020 op Distanz Episod 7: Jeannot Waringo. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 31.12.2020.