Jean Schroeder
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jean Schroeder, gebuer den 12. August 1947 a gestuerwen de 25. Juli 2024 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Historiker a Geschichtsprofesser (Lycée classique d'Echternach a Centre universitaire de Luxembourg).
Jean Schroeder | |
---|---|
Gebuer | 12. August 1947 |
Gestuerwen |
25. Juli 2024 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Historiker |
Member vun | Section historique vum Institut grand-ducal |
Hie war an der mëttelalterlecher Geschicht an an der Geschicht vun Iechternach spezialiséiert. Am Februar 1975 huet hien op der Albert-Ludwigs-Universitéit Freiburg, mat enger Dissertatioun zum Theema Bibliothek und Schule der Abtei Echternach um die Jahrtausendwende, promovéiert (PhD). Zanterhier huet hien, virun allem an den 1980er an 1990er Joren, eng ganz Rëtsch Fuerschungsaarbechten iwwer d'Iechternacher Sprangpressessioun, d'Iechternacher Abtei an den Hellege Willibrord publizéiert.
De Jean Schroeder war zanter 1980 a bis ? membre effectif vun der Section des sciences historiques vum Institut grand-ducal.
Publikatiounen (Auswiel)
änneren- Bibliothek und Schule der Abtei Echternach um die Jahrtausendwende - Inaugural-Dissertation zur Erlangung der Doktorwürde der Philosophischen Fakultäten der Albert-Ludwigs-Universität zu Freiburg i. Br.; in: Publications de la Section historique (PSH) de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Bd. XCI; Lëtzebuerg (Drock: Joseph Beffort), 1977; Ss. 201-378.
- [1] Echternach im Spiegel der europäischen Geschichtsforschung, [2] Der Name Echternach. Sprachliche Entwicklung, Ursprung, Bedeutung, [3] Zu den Beziehungen zwischen Echternach und England/Irland im Frühmittelalter, [4] Echternach: An der Wiege der deutschen Sprache; véier Studien, déi (mat Beiträg vun aneren Historiker) in: Hémecht - Zeitschrift für Luxemburger Geschichte publizéiert goufen; Joergank 31, 1979, Heft 3 (Spezialnummer!).
- Le comte Sigefroid de Luxembourg et la réforme de l'abbaye d'Echternach (973); in: Publications de la Section historique (PSH) de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Bd. XCV; Lëtzebuerg (Drock: Joseph Beffort), 1981; Ss. 283-298.
- Echternach in Forschung und Literatur. Besprechungen und Hinweise; in: Echternacher Studien - Veröffentlichungen des Instituts für Echternach-Forschung / Études epternaciennes - Publications de l'Institut d'Echternach; Bd. II (1982); Lëtzeburg (Sankt-Paulus Druckerei); Ss. 87-115.
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Doudesannonce vum Jean Schroeder am Luxemburger Wort vum 29. Juli 2024 op der Säit 22