Adrien-Ries-Pad
Den Adrien-Ries-Pad, offiziell Sentier pédestre national Adrien Ries, ass ee vun den nationale Wanderweeër zu Lëtzebuerg.
Den Däiwelselter bei Dikrech | |
Iwwersiicht vum Pad | |
vu(n) | Ettelbréck |
---|---|
op | Ettelbréck |
Längt | 50,80 km |
déifste Punkt | Bettenduerf |
héchste Punkt | Mäerzeg |
Land | Lëtzebuerg |
féiert duerch |
Bettenduerf, Colmer-Bierg, Dikrech, Ierpeldeng op der Sauer, Ettelbréck, Schieren, Mäerzeg, Feelen |
Streck
ännerenDe Pad ass 50,80 km laang a féiert als Circuit ronderëm d'Nordstad, vun Ettelbréck op Ettelbréck. Den déifste Punkt (184,94 m) ass zu Bettenduerf an den héchsten (385,32 m) zu Mäerzeg (Useldenger Fréin)[1].
E féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Ettelbréck, Ierpeldeng, Dikrech, Gilsdref, Bettenduerf, Gilsdref, Schieren, Colmer-Bierg, Schass (X CR305), Ettelbréck.
De Pad gouf am Joer 2008 provisoresch ugeluecht an hat deemools eng Längt vu 45 km[2]. 2012-2013 gouf en iwwerschafft an am Summer 2013 finaliséiert.
De Wanderwee ass nom fréiere Jurist, Ekonomist an Auteur Adrien Ries (1933-1991) genannt ginn, deen 1970 de Begrëff "Nordstad" an d'Welt gesat huet an 1973 dat éischt Konzept vun der Nordstad als drëtten Entwécklungspol vu Lëtzebuerg nieft der Stad Lëtzebuerg an der Regioun Esch-Uelzecht virgeluecht huet.
Biller
änneren-
Bettenduerf
-
Gilsdref
-
Colmer-Bierg
-
Ettelbréck
Literatur
änneren- Lamberty, John, 2019. Auf Gedankenwanderung mit Adrien Ries. Luxemburger Wort, 23. Juli 2019, S. 26 & 39.
Um Spaweck
ännerenCommons: Adrien-Ries-Pad – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Informatiounen op Geoportail.lu
- ↑ Cf. den alen Depliant vum Adrien-Ries-Pad (2006) op nordstad.lu (de)