AVL-Linn 26
D'AVL-Linn 26 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen déi zanter dem 3. November 2019 um Trajet Steesel, Kennedy - Kierchbierg, Rehazenter fiert.
Steesel - Kierchbierg | |
---|---|
Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg, Régime général des transports routiers |
vu(n) | Steesel, Kennedy 49°40'13,9"N, 6°7'28,4"O |
op | Kierchbierg, Rehazenter 49°37'39,8"N, 6°10'17,3"O |
iwwer | Heeschdref, Walfer, Bäreldeng, Beggen, Eech, Pafendall, Clausen, Neiduerf, Kierchbierg |
Bustyp | Elektrobus |
opgaang | 3. November 2019 |
technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
Längt | 15,367 km, 15,649 km |
Fuerzäit | 43 min |
mëttel Vitess | 21,44 km/h, 21,84 km/h |
Se fiert wiertes all 20 Minutten, samschdes all hallef Stonn a sonndes mëttes all Stonn an ersetzt déi fréier RGTR-Linn 282 (Steesel - Lampertsbierg) déi ofgeschaaft gouf.
Duerch eng Konventioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Mobilitéitsministère iwwer AVL-Buslinnen déi vun der Stad aus an eng Nopeschgemeng fueren, gehéiert d'Linn 26 zum “service coordonné AVL/RGTR”. Se gëtt net vun AVL Bussen, mee nëmme vu privaten Entreprisë gefuer.
Halten op der Linn 26
änneren(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)
Linn 26 (Aller) | Bemierkung | |
---|---|---|
Steinsel, Kennedy | ||
Steinsel, Gonneschhaff | ||
Steinsel, Um Gruef | ||
Steinsel, Michel Rodange Plaz | ||
Müllendorf, Mëlleref | ||
Heisdorf, Altersheem | ||
Heisdorf, Klouschter | Gare Heeschdref | |
Heisdorf, Bei der Parkmauer | ||
Heisdorf, Millewee | ||
Helmsange, Mercatoris | ||
Helmsange, Tricentenaire | ||
Walferdange, Gemenge Plaz | ||
Bereldange, Police | ||
Bereldange, Schoul | ||
Beggen, Rue du Pont | ||
Bastogne | ||
Beggen, Kierch | ||
Binnchen | ||
Henri Heymanns | ||
Émile Metz | ||
Eecher Klinick | ||
Eecher Plaz | ||
Stade G. Diderich | ||
Sichenhaff | ||
Pfaffenthal, Halte CFL | Gare Pafendall-Kierchbierg | |
Théiwesbuer | ||
Vauban | ||
Ste Cunégonde | ||
Malakoff | ||
Hierzekrëpp | ||
Fixmer | ||
Neudorf, Kierch | ||
Huesegrënnchen | ||
Carrières | ||
Bricher Gässel | ||
Labours | ||
Joseph Hackin | ||
Hôpital Kirchberg | ||
Pierre Werner | ||
Rehazenter | ||
Rehazenter Parking | betriblech Halt |
Entwécklung vun der Linn 26
änneren- virun 2014: et gouf keng Linn mat der Nummer 26
- 2. Juni 2014 - 31. Januar 2017: Gare - Houwald - Cloche d'or - Leideleng - Helfenter Bréck - Bartreng/Belle Étoile; zanter dem 1. Februar 2017 gëtt en änlechen Trajet als RGTR-Linn 655 (bis de 16. Juli 2022 RGTR-Linn 226) gefuer.
Déi fréier Linn 26 war sengerzäit entstanen duerch eng Zesummenaarbecht vun der Stad Lëtzebuerg mat hiren Nopeschgemenge Bartreng, Hesper, Leideleng, Stroossen an dem Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen am Kader vun der „DICI[1] Konventioun fir déi koordinéiert an integrativ interkommunal Entwécklung am Südweste vun der Stad Lëtzebuerg”. D'Zil vun dëser Konventioun war et fir ë. a. d'Liewensqualitéit ze verbesseren an d'Natur ze erhalen.
- 1. Februar - 9. Dezember 2017: et gouf keng Linn mat der Nummer 26
- 10. Dezember 2017 - 14. Oktober 2018: Cloche d'or, Guillaume Kroll - Ban de Gasperich - Houwald, Peternelchen
- 15. Oktober 2018 - Juni 2019: et gouf keng Linn mat der Nummer 26
- Juni 2019 - 2. November 2019: Kockelscheier, Patinoire - Ban de Gasperich - Houwald, Peternelchen.
Um Spaweck
ännerenCommons: AVL-Linn 26 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ „Convention relative à un Développement Intercommunal Coordonné et Intégratif du Sud-Ouest de l'agglomération de la Ville de Luxembourg“ „DICI Sud-Ouest“