De Koméit Borrelly (offiziell Bezeechnung 19P/Borrelly) ass e kuerzperiodesche Koméit. E gouf den 22. September 2001 vun der NASA-Raumsond Deep Space 1 erfuerscht.

19P/Borrelly
De Kär vum Koméit 9P/Borrelly
Orbittyp kuerzperiodesch
Grouss Hallefachs 3,608
Perihel 1,355 AE
Aphel 5,861 AE
Numeresch Exzentrizitéit 0.624
Perihelduerchgank 22. Juli 2008
Ëmlafdauer 6 a 311 d
Ëmlafvitess 32,61 km/s
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser 8 × 4 × 4 km
Mass 3,3 • 1013
Dicht 0,49
Albedo 0,029 ± 0,006
Entdecker A. L. N. Borrelly
Entdeckungsdatum 28. Dezember 1904
Aner Bezeechnungen 1905 II, 1904e

Entdeckung änneren

De Koméit gouf den 28. Dezember 1904 vum Alphonse Louis Nicolas Borrelly am Stärebild Cetus entdeckt. Kuerz drop gouf de Koméit als kuerzperiodeschen erkannt, a säi Rendez-vous korrekt fir 1911 virausgesot.

Ëmlafbunn änneren

De Borrelly flitt op enger elliptescher Ëmlafbunn ëm d'Sonn. Säi Perihel läit knapps bannenzeg vun der Marsbunn. Den Aphel ass eppes baussenzeg vun der Jupiterbunn, wat hien als kuerzperiodesche Koméit vun der Jupiterfamill auszeechent.

D'Raumsond Deep Space 1 änneren

Den 22. September 2001 war d'NASA-Raumsond Deep Space 1 op enger Distanz vun 2.200 km laanscht de Koméit geflunn. De Borrelly war de véierte Koméit nom 21P/Giacobini-Zinner, Halley a 26P/Grigg-Skjellerup, dee vun enger Raumsond erfuerscht gouf, an den zweeten (nom Halley) bei deem Biller vum Kär op d'Äerd iwwerdro goufen. En hat sech op de Biller als längelzegen Objet mat enger Gréisst vun ongeféier 8 × 4 × 4 km erausgestallt. D'Dicht vum Kär läit bei nëmmen 0,49 g/cm³. Seng Uewerfläch ass déi donkelst am bekannte Sonnesystem: D'Albedo läit an der Moyenne bei 0,03 an ass domat sou donkel wéi schwaarz Tonerpolver. Verschidde schwaarz Flecken hu souguer nëmmen e Réckstralungswäert vun 0,007, fir dee bis elo kaum entspriechend Mineraler bekannt sinn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren