Den (94) Aurora ass en Asteroid vun der baussenzeger Haaptceinture.

(94) Aurora
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 3,161 A.E.
Peridatum 15. November 2008
Exzentrizitéit 0,0884
Sideresch Ëmlafzäit 5 a 227 d
Mëttel Bunnvitess 16,7 km/s
Inklinatioun 7,97 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 205 km
Mass 9,0×1018 kg
Mëttel Dicht 1,83 ± 1,10 g/cm3
Rotatiounsperiod 7 h 13 min
Albedo 0,0395
Absolut Hellegkeet 7,57
Spektralklass CP
Entdeckung
Entdecker J. C. Watson
Entdeckungsdatum 6. September 1867
Plaz Ann Arbor
Aner Bezeechnungen A912 TC

Den Objet gouf de 6. September 1867 vum US-amerikaneschen Astronom James Craig Watson zu Ann Arbor entdeckt.

Den Himmelskierper gouf no der réimescher Gëttin Aurora genannt.

Mat engem Duerchmiesser vun iwwer 200 km gehéiert Aurora zu de gréisseren Asteroide vun der Haaptceinture. Si huet eng däischter, kuelestoffhalteg Uewerfläch.

Bei enger Stärebedeckung den 12. Oktober 2001 gouf eng oval Form vum Asteroid nogewisen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren