(274301) Wikipedia

Asteroid


Den (274301) Wikipedia ass en Asteroid vun der Haaptceinture. Hie gouf de 25. August 2008 um 22:47 Auer UTC am astronomeschen Observatoire Andruschiwka entdeckt. De privaten Observatoire am ukraineschen Andruschiwka gouf am Joer 2001 gebaut.

(274301) Wikipedia
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,3829 A.E.
Exzentrizitéit 0,1459
Sideresch Ëmlafzäit 3,68 a
Inklinatioun 6,7298 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Absolut Hellegkeet 16,9
Entdeckung
Entdecker Astronomen am Observatoire zu Andruschiwka
Entdeckungsdatum 25. August 2008
Aner Bezeechnungen 2008 QH24

Den Numm änneren

Den Asteroid ass nom Onlinelexikon Wikipedia genannt ginn. De Virschlag vum Numm koum vum Comiteesmember Andrij Makucha, vun der ukrainescher Wikimedia[1]. De Virschlag gouf vum Proprietär vum Observatoire, Jurij Iwaschtschenko agereecht. De 27. Januar 2013 huet d'International Astronomesch Unioun (IAU) den Numm eestëmmig akzeptéiert a publizéiert[2].

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

 
Den Observatoire zu Andruschiwka, 2012

Referenzen änneren

  1. Meldung auf regionews.ua vom 31. Januar 2013 (ukrainisch und russisch)
  2. Veröffentlichung des Minor Planet Centers vom 27. Januar 2013, Seite 467 (PDF, (en))