Portable Document Format
De Portable Document Format (PDF; lb: portabelt Dokumenteformat) ass e plattformiwwergräifend Dateiformat fir d'Duerstellung vun zweedimensionalen Dokumenter, déi onofhängeg vu Software, Hardware oder Betribssystem kënnen op engem Ecran gekuckt oder op enger Imprimante ausgedréckt ginn an dobäi ëmmer d'selwecht ausgesinn. D'Extensioun vum Dateinumm ass .pdf.
PDF-Dokumenter ginn entweeder duerch speziell Programmer gelies (z. B. Adobe Reader) oder duerch Plugins an engem Programm duergestallt (z. B. an den Internet-Browseren).
Dëst Format gouf vun der Firma Adobe Systems Incorporated entwéckelt an 1993 mat dem Programm Acrobat 1 fir d'éischt publizéiert.
PDF war e kommerziellt ("proprietäert"), mais oppen dokumentéiert Dateiformat (PDF Reference Manual). Zanter dem 1. Juli 2008 ass de PDF an der Versioun 1.7 als ISO 32000-1:2008 en oppene Standard.
Beispiller
ännerenFollgend Beispiller goufe mat dem Onlinetool wikitype gemaach.
- Beispill 1 – Den Artikel iwwer d'Bossa nova als PDF (112 Kb)
- Beispill 2 – Den Artikel iwwer de Kaaschtel als PDF (175 Kb) (Problemer bei der Duerstellung vum Fotoalbum).
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Portable Document Format – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Lëscht vu PDF-Software op der englescher Wikipedia (en)
- PDF Reference Manual um Site vun Adobe (en)
PDF-Konverter
änneren- wikitype - Konvertéiert Wikipedia-Artikelen → PDF (en)
- WebPDF - Konvertéiert 100 Formater → PDF
- PDF Online - Konvertéiert PDF → Word