Haaptmenü opmaachen

Eng Rotatiounsachs oder Dréiachs ass eng Linn, ëm déi d'Dréiung (Rotatioun) vun engem Kierper erfollegt oder erfollege kann.

Bei Kierper, déi sech fräi am Raum dréinen, z. B. Himmelskierper, hänkt d'Rotatiounsachs a bestëmmter Weis vun der Masseverdeelung am Kierper of. Wa sech d'Masseverdeelung am Kierper ännert, ännert sech am Allgemengen och d'Rotatiounsachs vum Kierper, awer genee sou, datt den Dréiimpuls erhale bleift (Dréiimpulserhalung).

Als Rotatiounsachs bezeechent ee bei engem Rotatiounskierper och déi Linn, ëm déi een dësen dréine kann, ouni datt sech de Kierper verännert. An dësem Fall ass d'Rotatiounsachs gläichzäiteg eng Symmetrieachs vum Rotatiounskierper. Et ënnerscheet een an deem Fall zweezueleg Dréiachsen (Digyren), dräizueleg Drehachsen (Trigyren), véierzählige Drehachsen (Tetragyren), fünfzählige Drehachse (Pentagyren) a sechszueleg Dréiachse (Hexagyren). D'Kombinatioun vun Dréiung a Spigelung féiert zum Symmetrieelement vun den Dréispigelachse, déijeneg vun Dréiung an Inversioun zu den Dréiinversiounsachse (Gyroiden). Dréiachse ginn an der Kristallographie mat hirer Zuelegkeet bezeechent, Digyren also mat "2", Trigyren mat "3" asw. D'Gyroiden ginn zousätzlech mat engem Querstrëch op der Ziffer versinn. Dës Nomenklatur gëtt an der Bezeechnung vun de Punktgruppe resp. Kristallklasse no Hermann an Mauguin gebraucht. Fir d'Benennung vu Raumgruppe spillen zudeem Kombinatiounen aus Dréiung a Translatioun, d'Schrauwenachs eng Roll.

Inhaltsverzeechnes

PhysikÄnneren

Dréiachsen (blo markiert) a (v.l.n.r.) Waasser, Ammoniak, Xenonoxidtetrafluorid a Blausäier.[1]

An der Physik hunn Dréiachsen eng bildlech Bedeitung. Si ginn net nëmmen un, wéi sech Géigestänn oder atomar Deelercher dréien, wéi also d'Achs verleeft, mä och nach wéi séier an op lénks- oder rietserëm. Et gebraucht een de Begrëff Vektor; dat ass e Feil, deen eng Längt, eng Richtung an eng Achs huet. Een sech dréiend Rad kann also duerch e Vektor beschriwwe ginn.

ChimieÄnneren

D'Symmetrie vun engem Moleküll ass mat Symmetrieelemente beschreifbar. Dobäi gëtt e Symmetrieelement un, duerch wéi eng Symmetrieoperatioun d'Moleküll mat sech selwer zu der Deckung bruecht ka ginn. Eent vun dëse Symmetrieelementer ass d'Dréiachs Cn (kuckt Bild).

Kuckt ochÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Erwin Riedel und Christoph Janiak: Anorganische Chemie, 8. Auflage, 2011, Walter de Gruyter Verlag, S. 213, ISBN 978-3-11-022566-2.