De Musée vun de Mosaicker vun Zeugma oder Zeugma-Mosaik-Musée (tierkesch: Zeugma Mozaik Müzesi) an der tierkescher Stad Gaziantep, weist haaptsächlech déi Mosaicker aus der Réimerzäit, déi bei archeologeschen Ausgruewunge vun der anticker Stad Zeugma an Ëmgéigend fonnt goufen.

De Musée vun de Mosaicke vun Zeugma, zu Gaziantep.

De Musée huet eng Fläch vu 40.000m2 a stellt 2.464m2 Mosaicker aus.[1] Et soll dee gréisste Mosaickemusée vun der Welt sinn.

Den Zeugma-Mosaickemusée huet de 27. Mee 2011 seng Dieren opgemaach. Den 9. September 2011 gouf en offiziell duerch de Ministerpresident Recep Tayyip Erdoğan an de Kulturminister Ertuğrul Günay ageweit.[2]

Ausgestallt Mosaicker änneren

Vuë vum Musée änneren

Literatur änneren

  • Mehmet Önal: Mosaics of Zeugma. A Turizm Yayınları, Istanbul 2002. ISBN 975719994-X

Um Spaweck änneren

Commons: Zeugma-Mosaik-Musée – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Visitors flocking to Zeugma Museum.
  2. Müzekart