De Perseus war de Jong vum Zeus an der Danaë an e bekannten Held aus der griichescher Mythologie.

Mythos änneren

Dem Akrisios, dem Kinnek vun Argos, ass vun engem Orakel viraus gesot ginn e géif duerch säin Enkel stierwen. Doropshin huet e seng Duechter Danaë an en ënnerirdesche Raum (anere Versioune no an engem Tuerm) agespaart. Dem Zeus ass et awer gelongen als Goldreen d'Danaë am Schlof ze befruchten. Aus der Verbindung ass de Perseus entstanen.

Wou den Akrisios vun der Gebuert vum Perseus héieren huet huet e seng Duechter zesumme mat sengem Enkel an eng Këscht agespaart an se dunn um Mier ausgesat. Den Zeus konnt awer mat Hëllef vum Poseidon verhënneren dat hinnen eppes geschitt ass. Op Seriphos, enger Insel vun de Kykladen, gi si u Land gespullt. De Fëscher Diktys, Brudder vum Kinnek Polydektes, fënnt déi zwee a léisst se bei sech wunnen. De Polydektes awer huet sech an d'Danaë verléift a versicht dem Perseus lass ze ginn. Hien huet vum Perseus verlaangt him de Kapp vun der d'Medusa, eng vun de Gorgonen, ze bréngen.

Mat enger Zauberposch, enger Tarnkap a Schong mat Flilleken, déi de Perseus sech mat Hëllef vum Hermes an der Athene verschaf huet, huet e sech op de Wee bei d'Gorgone gemaach. Hien huet déi dräi am Schlof iwwerascht. Säi Schëld huet en als Spigel benotzt fir d'Gefor duerch hire Bléck verstengert ze ginn ofzewieren. Dunn huet en der Medusa de Kapp erofgeschloen an en a seng Posch gemaach. Deenen zwee anere Schwësteren ass e mat Hëllef vu senger Tarnkap entkomm.

Um Wee fir heem gesäit en un der Küst eng wonerschéi jonk Fra, déi un e Fiels ugekett war, d'Andromeda. Si sollt engem Ongeheier geaffert gi well hir Mamm, d'Kassiopeia, behaapt huet si wier méi schéin wéi d'Miernymphen, d'Nereiden. Nodeem de Perseus d'Andromeda befreit an d'Ongeheier mam Schwäert erstach hat, hu si sech bestuet.

Wärend dem Hochzäitsiessen ass op eemol de Phineos, dem Andromeda säi Monni, mat enger Iwwerzuel vu Männer mat Waffen opgedaucht fir seng Uspréch op d'Andromeda nach eng Kéier däitlech ze maachen. De Perseus konnt hinnen awer Meeschter ginn: en huet de Leit gesot datt jiddwereen dee säi Frënd wier soll ewechkucken an dunn de Kapp vun der Medusa an d'Luucht gehalen.

Wéi se erëm zu Seriphos ukomm sinn, huet en de Polydektes, dee seng Mamm Danaë ëmmer nach net mat Rou gelooss huet, och verstengert andeems en em de Kapp vun der Gorgo gewisen huet, deen en duerno der Athene geschenkt huet. De Fëscher Diktys, dem Polydektes säi Brudder, ass du Kinnek vun der Insel ginn.

De Sproch vum Orakel huet sech spéider awer erfëllt wéi de Perseus bei engem Concours den Akrisios mat sengem Diskus getraff huet. Hien ass elo Kinnek vun Argos, mä tauscht awer seng Herrschaft mam Megapenthes, dem Kinnek vun Tiryns an huet do Mideia a Mykenai gegrënnt.

De Perseus hat weiderhin e laangt a glécklecht Liewen zesumme mam Andromeda a senge Kanner. No hirem Doud sinn déi zwee zesumme mam Kepheus, Kassiopeia a Ketos als Stärebiller an den Himmel versat ginn.

  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Perseus – Biller, Videoen oder Audiodateien