Zentralafrika
Regioun an Afrika
Zentralafrika oder Mëttelafrika ass eng onkloer definiéiert Groussregioun am Zentrum vum afrikanesche Kontinent.
Zentralafrika no geographesche Krittären
ännerenEng Definitioun no geographesche Charakteristiken englobéiert déi follgend Länner:
- Burundi (Haaptstad: Bujumbura)
- Demokratesch Republik Kongo (Haaptstad: Kinshasa)
- Ruanda (Haaptstad: Kigali)
- Tschad (Haaptstad: N'Djamena)
- Zentralafrikanesch Republik (Haaptstad: Bangui)
Ruanda an de Burundi ginn heiansdo och zu Ostafrika gezielt.
UN-Subregioun Mëttelafrika
ännerenD'Statistikdivisioun vun de Vereenten Natiounen deelt d'Regioun Mëttelafrika a follgend Länner op:[1]
- Angola (Haaptstad: Luanda)
- Equatorialguinea (Haaptstad: Malabo)
- Gabun (Haaptstad: Libreville)
- Kamerun (Haaptstad: Yaoundé)
- Demokratesch Republik Kongo (Haaptstad: Kinshasa)
- Republik Kongo (Haaptstad: Brazzaville)
- São Tomé a Príncipe (Haaptstad: São Tomé)
- Tschad (Haaptstad: N'Djamena)
- Zentralafrikanesch Republik (Haaptstad: Bangui)
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ UN-Statistikdivisioun: Composition of macro geographical (continental) regions, geographical sub-regions, and selected economic and other groupings (31. Oktober 2013)