Zentralafrikaneschen CFA-Frang

Den Zentralafrikaneschen CFA-Frang (op franséisch franc CFA oder einfach franc, Wärungscode: XAF) ass d'Wärung vu sechs onofhängege Staaten an Zentralafrika: Equatorialguinea, Gabun, Kamerun, Republik Kongo, Tschad an Zentralafrikanesch Republik. Zesummen hunn déi Länner eng Bevëlkerung vun ronn 45 Millioune Leit (Stand: 2013).

rout: Länner, déi den Zentralafrikaneschen CFA-Frang benotzen
gréng: Länner, déi de Westafrikaneschen CFA-Frang benotzen

CFA steet fir Coopération financière en Afrique centrale. E gëtt vun der Bank vun den Zentralafrikanesche Länner (BEAC) fir déi sechs uewegenannt Memberlänner vun der Zentralafrikanescher Wirtschafts- a Wärungscommunautéit (CEMAC) erausginn. A Westafrika zirkuléiert de Westafrikaneschen CFA-Frang, eng aner Wärung, déi awer de selwechte Wäert wéi den Zentralafrikaneschen CFA-Frang huet.

De 25. Abrëll 2023 gëtt d'Ministerreunioun vun der Wirtschafts- a Währungsgemeinschaft vun Zentralafrika (Cemac) a Frankräich ofgehalen. Besonnesch iwwer de Sujet vum CFA-Frang gouf diskutéiert. Op der franséischer Säit gëtt d'Garantie vum CFA-Frang an d'Versécherung vu senger Konvertibilitéit als Vektor vun der wirtschaftlecher Stabilitéit fir d'Regioun ugesinn. Frankräich bleift "oppen" an "verfügbar" fir eng Reform vun der monetärer Kooperatioun an Zentralafrika virzegoen, sou wéi et an Westafrika stattfënnt. Frankräich seet et wier prett d'Propositioune vum CEMAC ze kréien.[1].