Zaldotekierfecht um Gehaansbierg

fréieren Zaldotekierfecht zu Diddeleng


De fréieren Zaldotekierfecht um Gehaansbierg gouf vun den däitsche Besatzer tëscht dem August an Oktober 1941 um Gehaansbierg zu Diddeleng ugeluecht. Si goufen him d'Bezeechnung Ehrenfriedhof Budersberg-Johannisberg.

Zaldotekierfecht um Gehaansbierg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Diddeleng
Uertschaft Gehaansbierg
Ugeluecht 1941
Zougemaach 1955
Koordinaten 49° 29’ 28.40’’ N
      06° 03’ 40.10’’ O

Déi am Mee 1940 beim Iwwerfall vun der Wehrmacht op Lëtzebuerg op den zwou Säiten am Minett gefalen Zaldote goufe meeschtens direkt op der Plaz a provisoresche Griewer oder och op verschiddene Kierfechter doruechter begruewen. Si goufen dunn exhuméiert an op dësen neie Militärkierfecht bruecht. Déi meescht Gefale gouf et bei enger franséischer Konterattack den 13. Mee. Et waren hirer op d'mannst 89 déi do begruewe goufen:

  • 59 Däitscher vun deenen der 57 tëscht dem 10. Mee a Mëtt Juni 1940 gefall oder kuerz drop un hire Blesse gestuerwe sinn. Vun der grousser Majoritéit konnt d'Identitéit direkt festgestallt ginn. Dee leschten Däitschen deen do begruewe gouf war e Pilot deem säi Fliger sech bei der Landung um Fluchfeld vu Lalleng iwwerschloen hat, an deen dobäi ëm d'Liewe koum.
  • 26 Fransousen déi alleguer den 10. Mee oder e puer Deeg duerno ëmkoumen. Vun deene konnten déi wéinegst identifizéiert ginn, am beschte Fall konnten déi aner duerch hir Uniformsstécker de Spahis zougerechent ginn oder sinn einfach als "Kolonialzaldoten" vermierkt ginn. Dobäi koum 1941 ee franséische Krichsgefaangenen dee bei engem Eisebunnsaccident leie blouf.
  • 5 brittesch Aviateuren déi den 10. Mee 1940 mat hire Fairey Battle ofgeschoss goufen. Hir schlëmm zougeriicht Läiche goufen zu Péiteng, respektiv zu Lénger fonnt, mä konnten deemools net identifizéiert ginn. Déi Gefalen hunn zur 103. Schwadroun vun der RAF gehéiert, vun deem 4 Fligeren, d'Battle K9372, K9264, K9270 an en aneren, d'Missioun hate fir däitsch Truppen op hirem Virmarsch duerch Lëtzebuerg ze bomdardéiren. Nëmmen een dervun ass heemkomm déi aner dräi goufen ofgeschoss an hir Besatzung war beim Ofstuerz ëm d'Liewe komm, oder gouf vun den Däitsche gefaange geholl[1]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Fairey Battle Crashen zu Lëtzebuerg.

Nom Krich änneren

 
D'Nekropol mat den 21 Griewer um neien Diddelenger Kierfecht.

Nom Zweete Weltkrich goufen déi däitsch Zaldoten tëscht dem 21. an dem 30. Abrëll 1947 op den Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler iwwerfouert. Um Gehaansbierg hunn d'Gemengenautoritéite vun Diddeleng sech zesumme mat enger lokaler Entreprise ëm dat Néidegt gekëmmert, fir d'Griewer zu Sandweiler auszehiewe si Prisonéier aus dem Prisong vum Gronn erugezu ginn. D'provisoresch Grafkräizer goufen och am Atelier vum Prisong fabrizéiert.

Den 19. Juni 1947 hunn d'Englänner hir Leit an d'Belsch op de Commonwealthkierfecht vun Hotton transferéiert.

Vun de 27 franséischen Zaldote goufen der sechs uechter d'Joren an hir Heemecht rapatriéiert. Fir déi aner 21, dovun 13 "soldats inconnus", gouf um neie Kierfecht zu Diddeleng eng Nekropol mat engem Gedenkstee gebaut. Den 1. Mäerz 1955 hu si do dann och hir lescht Rou fonnt. Ënner hinnen de Jacques Chauvin, sous-lieutenant des spahis.

Duerno gouf de Kierfecht zougemaach an op der Plaz um Gehaansbierg erënnert näischt méi drun.

Quellen änneren

  • Archiv Kierfecht Diddeleng

Literatur änneren

  • Kugeler, Claude, Der Ehrenfriedhof Johannisberg, in Centenaire Diddeleng, 1907-2007; Éditions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg 2007, ISBN 978-2-919993-17-8

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

  1. cf.Schmit, Raymond Im Schatten des Johannisbergs 2019 ISBN 978-99959-0-519-4