D'Monument Chauvin zu Péiteng erënnert un de Jacques Chauvin, sous-lieutenant des spahis, deen den 10. Mee 1940 bei der Invasioun vun der Wehrmacht säi Liewen um Fouss vum Prënzebierg huet misse loossen.

D'Monument Chauvin
D'Graf um Diddelenger Kierfecht

D'Monument ass aus Minettsstee gebaut an dréit eng gosse Plack mat der Opschrëft:

A LA MEMOIRE DE
JACQUES CHAUVIN
SOUS LIEUTENANT DES SPAHIS
TOMBE LE 10 MAI 1940
POUR LA FRANCE
ET LE LUXEMBOURG

D'Monument steet um Fouss vum Prënzebierg bei der Kräizung vun der rue Prinzenberg mat der rue Jacques Chauvin.

Geschicht änneren

Zanter den éischten Deeg vum Joer 1940 hat d'franséisch Regierung, déi mat enger däitscher Attack gerechent hat, hir Truppe laanscht d'Ostgrenz placéiert. Ënner hinne waren och afrikanesch Spahis-Truppen.

D'Lëtzebuerger Regierung hat d'franséisch Arméi autoriséiert fir d'Grenz z'iwwerschrécken am Fall vun enger däitscher Invasioun.

Dës Invasioun war den 10. Mee 1940. Géint 10:00 Auer mueres gouf de Jacques Chauvin vu Spadséiergänger um Prënzebierg gesinn, wéi hie vun do aus d'Beweegunge vun de feindlechen Truppen iwwerwaacht huet. Gläichzäiteg ass eng Grupp vun däitschen Zaldote vu Péiteng aus a Richtung Prënzebierg virgeréckt.

Den Dag drop gouf dem Jacques Chauvin seng Läich am Bësch fonnt; nieft him säin Hond, dee säi Meeschter net verloosse wollt. Péitenger Awunner hunn de Chauvin op der Plaz wou si e fonnt haten begruewen. 1941 goufe seng Iwwerreschter, sou wéi och déi vun anere gefale Fransousen, vun den Däitschen um Zaldotekierfecht zu Diddeleng begruewen. Wéi deen dunn 1955 zougemaach gouf koume se an eng Nekropol um neien Diddelenger Kierfecht leien.

Nom Krich hunn d'Péitenger Scouten, op der Plaz wou de Chauvin fonnt gouf, e klengt Monument mat enger Plack opgeriicht. Well dës Plaz awer net gutt z'ereeche war, gouf d'Monument spéiderhin un de Bord vum Bësch deplacéiert, wou et haut nach steet.

Kuckt och änneren

Quell änneren

  • Daman, Viviane, 2002. Il était une fois... JACQUES CHAUVIN, SOUS-LIEUTENANT DES SPAHIS , Péitenger Wand, 10/2007