Zahi Hawass
Zahi A. Hawass, gebuer den 28. Mee 1947 zu Damiette, an Egypten, ass en egypteschen Archeolog. En ass 2002 vum deemolege Staatspresident Husni Mubarak zum Generalsekretär vun der egyptescher Altertumsverwaltung SCA ernannt ginn a gëllt als ee vun de renomméiertsten a bedeitendsten Egyptologen.
Zahi Hawass | |
---|---|
Gebuertsnumm | زاهي عباس حواس |
Gebuer | 28. Mee 1947 |
Nationalitéit | Egypten |
Educatioun |
University of Pennsylvania, Universitéit vu Kairo |
Aktivitéit | Anthropolog, Archeolog, Universitéitsprofesser, Politiker |
Biographie
ännerenDen Zahi Hawass, deen am Ufank Affekot war, huet säi Studium am Joer 1967 zu Alexandria mat engem Bachelor a griichescher a réimescher Archeologie ofgeschloss. Säin Diplom an der Egyptologie huet en och 1980 op der Kairo Universitéit vun Alexandria bestanen.
Zousätzlech huet en zu Philadelphia an den USA Egyptologie a syresch-/palestinensesch Archeologie studéiert. Seng Promotioun krut en 1987 och do.
Nieft senger Aarbecht als Generalsekretär vun der egyptescher Altertumsverwaltung ass den Dr Hawass am Ament ënner anerem Ausgruewungsdirekter bei dëse Projeten:
- Drëtt Pyramid zu Gizeh (Mykerinos-Pyramid)
- Dalltempel vum Chephren zu Gizeh
- Griewer vun den Oppasser südëstlech vun der Sphinx
- Teti-Pyramid (Teti II.) zu Saqqara
- Nazlet-el-Batran
- Beni Youssef
An engem weidere Projet ass en Direkter bei der Sphinxrestauratioun a Manager vum Gizeh-Plateau a vun den Ausgruewungen zu Memphis.
Den Dr Zahi Hawass schreift nieft senge verschiddenen Aarbechten och Skripte fir Dokumentatiounsfilmer déi sech mat der Egyptologie an egyptesche Studie befaassen. Dacks trëtt en dobäi och als Spriecher an de Filmer op.
An der leschter Zäit befaasst sech den Hawass intensiv mam Pharao Tutanchamun. Fir d'Doudesuersaach erauszefannen, huet en de 6. Januar 2005 seng Mumie computertomographesch ënnersiche gelooss.
Literatur
ännerenAn englescher Sprooch
änneren- Zahi Hawass, The Golden Age of Tutankhamun: Divine Might and Splendor in the New Kingdom, The American University in Cairo Press, 2004, ISBN 977-424-836-8
- Zahi Hawass, Curse of the Pharaohs: My Adventures with Mummies, National Geographic Society, 2004, ISBN 0-7922-6665-X
- Zahi Hawass, Hidden Treasures of Ancient Egypt: Unearthing the Masterpieces of the Egyptian History, National Geographic Society, 2004, ISBN 0-7922-6319-7
- David Fromkin, Zahi A. Hawass, Milton Viorst, Cradle & Crucible: History and Faith in the Middle East, National Geographic Society, 2004, ISBN 0-7922-6597-1
- Zahi Hawass, Egyptology at the Dawn of the Twenty-First Century, Vol. 1 - 3, The American University in Cairo Press, 2003
- Zahi Hawass, Secret from the Sand: My Search for Egypt's Past, Harry N. Abrams, 2003, ISBN 0-8109-4542-8
- Zahi Hawass, Bibliotheca Alexandrina: The Archaeology Museum, The American University in Cairo Press, 2003, ISBN 977-305-326-1
- Zahi Hawass, The Treasures of the Pyramids, White Star Éditions, 2003, ISBN 88-8095-233-1
- Zahi Hawass, The Mysteries of Abu Simbel: Ramesses II and the Temples of the Rising Sun, The American University in Cairo Press, 2001, ISBN 977-424-623-3
- Zahi Hawass, The Secrets of the Sphinx: Restoration Past and Present, The American University in Cairo Press, 2000, ISBN 977-424-492-3
- Zahi Hawass, Silent Images: Women in Pharaonic Egypt, Harry N. Abrams, 2000, ISBN 0-8109-4478-2
- Zahi Hawass, Valley of the Golden Mummies: The Greatest Egyptian Discovery Since Tutankhamun, Virgin Books, 2000, ISBN 1-85227-849-8
An däitscher Sprooch
änneren- Zahi Hawass, Das Tal der goldenen Mumien, Scherz, 2000, ISBN 3-502-15300-0
Um Spaweck
ännerenCommons: Zahi Hawass – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten. |