Grouss Sphinx vu Gizeh
D'Grouss Sphinx vu Gizeh (och alt: de Grousse Sphinx vu Gizeh) bei Kairo an Egypten (Arabesch: أبو الهول, Abū l-Haul) ass déi berüümtst a gréisst Sphinx. Si representéiert e Léiw, dee läit, mat engem Mënschekapp a gouf warscheinlech an der Zäit vun der 4. Dynastie, wärend der Herrschaft vum Chephren (ëm 2520 bis 2494 v. Chr.,[1] no anere Quellen 2570 bis 2530 v. Chr.[2]) skulptéiert.
Land | Egypten |
---|---|
Gemeng | Gizeh |
Plaz |
Nekropol vu Gizeh, Egypten |
Koordinaten | 29°58'30,97"N, 31°8'15,65"O |
Baustil | Alegyptesch Architektur |
Sculpteur(en) | onbekannt |
Datum vum Bau | 26. Joerhonnert v. Chr. (julianesch) |
Am ganzen ass d'Sphinx eng 73,5 Meter laang, wouvun d'viischt ausgestreckt Been 15 Meter hunn. D'Gesiicht ass 4 Meter breet an de Kapp mat Kappduch 6 Meter. D'Héicht ass ronn 20,2 Meter.[3]
Se ass no enger Ost-West-Achs orientéiert. Opfälleg ass, dass de Mënschekapp a Relatioun zum Léiwekierper ze kleng geroden ass. Firwat, ass net gewosst. Et kéint sinn, dass de Kapp ursprénglech méi grouss war, ma méi spéit verännert gouf. De Kapp ass vun engem Nemes-Kappduch bedeckt. D'Nues an de Kënnbaart sinn ofgebrach. De Schwanz vum Léiw läit um rietsen hënneschte Been.
D'Sphinx gouf aus de Reschter vun engem Kalleksteenhiwwel sculptéiert, vun deem d'Steng fir d'Cheops-Pyramid hier sinn. Si läit dofir an enger Kaul, déi ëmmer nees vum Wand mat Sand gefëllt gouf, sou dass se joerhonnertelaang bis op de Kapp begruewe war. Eréischt am 19. Joerhonnert gouf se nees fräigeluecht.
Faarfreschter deiten drop hin, datt se ursprénglech bemoolt war, de Kierper hat eng réitlech Ockerfaarf.
-
D'Sphinx ier s'ausgegruewe gouf; hannen d'Cheops-Pyramide (1858)
-
Zoustand 1929,
-
Fragment vum ofgebrachene geflochtene Baart (British Museum, London)
Zanter hirer Entsteeung an der 4. Dynastie gouf d'Sphinx e puermol restauréiert, beispillsweis wärend der 18. Dynastie (ca. 1515 bis 1415 v. Chr.).
Ënner dem Thutmosis IV. gouf tëscht de Patten déi sougenannt Dram-Stele gebaut, op där deem säi Liewe beschriwwe gëtt. Och an der griichesch-réimescher Zäit goufen d'Patte restauréiert. Déi réimesch Keesere Marcus Aurelius a Septimius Severus hunn d'Sphinx aus dem Sand befreien a propper maache gelooss. Dono ass se nees versant. 1818 huet den Giovanni Battista Caviglia se nees fräileeë gelooss. Am spéiden 19. Joerhonnert gouf den Hals mat Speis verstäerkt. 1925 gouf e Lach uewen um Kapp mat Zement zougemaach. Firwat dat do war, ass net gewosst. 1998 gouf se bis ewell fir d'lescht vum Zahi Hawass restauréiert.
Um Spaweck
ännerenCommons: Grouss Sphinx vu Gizeh – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten. |
Referenzen
änneren- ↑ The Sphinx Project: Puzzles come in pieces. Auf aeraweb.org, abgerufen am 7. August 2015.
- ↑ z.B.: Thomas Schneider: Lexikon der Pharaonen. Albatros, Düsseldorf 2002, ISBN 3-491-96053-3, S. 102–103.
- ↑ Charles Rigano: Pyramids of the Giza Plateau: Pyramid Complexes of Khufu, Khafre, and Menkaure. AuthorHouse, 2014, ISBN 978-1-4969-5249-3, S. 148.