Wolwener Klaus
D Wolwener Klaus ass e Lieu-dit zu Wolwen an der Gemeng Rammerech.
Wolwener Klaus | |
---|---|
Aussprooch | |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng | Rammerech |
Buergermeeschter | Toni Rodesch (CSV) |
Koordinaten |
49° 49’ 52’’ N 05° 46’ 42’’ O |
Geographie änneren
D'Wolwener Klaus läit um CR311 am ëstlechen Agank vu Wolwen.
Geschicht änneren
Op der Plaz vun der Kapell stoung fréier d'Parkierch vu Wolwen, un déi eng Klaus ugebaut war a vun där d'Plaz den Numm huet. D'Kierch an d'Klaus goufe 1783 ofgerappt. 1908/09 gouf op de Fëllementer vun der fréierer Kierch eng Kapell gebaut.
Kuckeswäertes änneren
An der Kapell steet en Altor mat enger Piéta, a ronderëm stoungen hëlze Statue vun de 14 Nouthëllefer. Dës Statuen sinn haut an der Kierch vu Pärel um Duxallsgelänner festgemaach. An der Kapell sinn haut Porcellainsreliefer vun den Nouthëllefer. Nieft der Kapell stoung nieft anere Beem bis 2014 och eng ural Bich ëm déi sech eng Legend dréint, déi sougenannt Wolframsbich.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Buch op der Wolwener-Klaus.
Hanner der Kapell steet e Weekräiz aus Schifer vun 1831.
Gallerie änneren
-
Banneraum vun der Wolwener Klaus 2020
-
Wolwener Klaus 2020
-
D'Kapell op der Wolwener Klaus mat der Wolframsbich dernieft
-
Weekräiz hannert der Kapell
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Wolwener Klaus – Biller, Videoen oder Audiodateien |