Willibrordus-Buer zu Wëlwerwolz

De Willibrordus-Buer ass e Lieu-dit am Dall vun der Klierf südlech vun der Uertschaft Wëlwerwolz an der Gemeng Kiischpelt.

D'Kapell iwwer dem Willibrordus-Buer

Iwwer dem Buer steet eng Kapell aus dem Joer 1935. Iwwer dem Agank steet:

St. Willibrorde
OpN[1]

Nieft der Kapell steet de Fändel vum Vatikan. Um Wues sti Gruppe vu Lorblummen (Narcissus pseudonarcissus).[2] Ronderëm d'Plaz ass eng Hobichenheck.

De Buer huet säin Numm vum hellege Willibrord, deen d'Quell op der Duerchreess soll entstoe gedoen hunn.

Geschicht änneren

Op der Plaz gouf e Buer gebaut fir eng Wisequell ze faassen. D'Kapell iwwer dem Buer gouf 1935 no de Pläng vum Architekt Christian Scholl, dee vu Wëlwerwolz gebierteg war, gebaut. D'Wasser vum Buer gëtt all Joer um Päischtméindeg geseent; et soll dat sougenannt Wëllfeier, oder Wëlwertsfeier (eng Hautkrankheet) heele kënnen.[3]

Am Archiv vun der Par zu Pënsch gëtt et en Dokument mat enger Formel fir d'Seene vum Willibrord-Waasser; d'Dokument gëtt op d'Zäit ëm 1700 datéiert.[3]

Folklor änneren

Enger Seechen no soll de Willibrord op enger Wiss bei Wëlwerwolz gerascht hunn a säin Iesel, oder Päerd, do Gras friesse gelooss hunn. Wéi de Propriétaire, en Heed, dat gesinn huet a sech doriwwer beschwéiert huet, huet den hellege Willibrord säi Reesbengel an de Buedem gestouss, wouropshin eng Quell do entstanen ass, fir de Mann z’entschiedegen.[4]

Änlech Seeërcher gëtt et op enger ganzer Rëtsch vu Plazen a Géigende wou de Willibrord als Missionnaire gewierkt huet.

Literatur änneren

  • Gredt, N.. Sagenschatz des Luxemburger Landes. Band 1. Editioun vun 1963, erausgi vum Kulturministère an der Sproochesektioun vum Institut grand-ducal, S. 481. Dréckerei Kremer-Muller & Cie, Esch-Uelzecht.

Um Spaweck änneren

  • De Willibrordus-Buer zu Wëlwerwolz op Webwalking [2]

Referenzen an Notten änneren

  1. Ora pro Nobis, Biet fir ons
  2. D'Nopeschduerf Lellgen ass bekannt fir déi wëll Narzissen (déi sougenannt Lorblummen, Narcissus pseudonarcissus) déi am Bësch um Lor wuessen.
  3. 3,0 3,1 Websäit Webwalking am Kiischpelt [1], gekuckt de 15. Juli 2017
  4. Nicolas Gredt, 1883, S. 481 an der Editioun vun 1963