Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Massendénger ass eng Persoun, meeschtens e Jugendlechen oder e Kand (Jong oder Meedchen), déi bei de liturgesche Feieren an der kathoulescher Kierch wäertvoll Déngschter leescht.

De Patréiner vun de Massendénger ass den Hellegen Tarcisius.

Geschicht änneren

Zanter datt Gottesdéngschter gefeiert ginn, gehéiere Massendénger dozou. Joerhonnertelaang hu se sech bei den Déngschter am Hannergrond gehalen a goufe kaum geschichtlech ernimmt.

Bei de Judde gouf ee ganze Stamm ausgewielt, de Stamm Levi, fir den Déngscht am Tempel ze garantéieren. Am Lukasevangelium kann ee liesen: Dann schloss er das Buch, gab es dem Synagogenvorsteher und setzte sich (Lk 4,20). Dat war bei engem Sabbatgottesdéngscht zu Nazareth.

Schonn an der Urkierch hunn d'Apostelen erkannt, datt si net alles eleng maache kënnen; si hu 7 Leit ausgewielt (Diakonen = Dénger) fir den Déngscht bei Dësch ze maachen. Wéi d'chrëschtlech Gemeinschafte méi grouss goufen a Kierche gebaut goufen, sinn nei Aufgaben entstanen. Dës Aufgaben oder Déngschter goufen ënner de Membere vun der Gemeinschaft opgedeelt; d'Bouwe goufe wéinst hirer heller a fester Stëmm als Lektoren engagéiert.

Spéider si verschidden Déngschter verschwonnen, déi vun de Massendénger an déi vum Koschter sinn awer bliwwen. Dës Ännerungen hu mat sech bruecht datt déi Aufgaben, déi fréier vu ville verschiddene Leit gemaach goufen, de Massendénger zougefall sinn: Buchdéngscht, d'Gowen op den Altor bréngen, Käerzen, Wäirauch, d'Droe vum Kräiz, d'Kollekt (Affer) asw.. Wichteg war et an der Zäit och, datt de Massendénger déi laténgesch Texter geléiert huet; hien huet se, als Vertrieder vun der Par, zesumme mam Paschtouer gebiet. Vum Mëttelalter bis an d'Neizäit erann hunn d'Massendénger zum Klerus gehéiert; dësen Déngscht gouf als eng Virstuf fir de Priesterberuff ugesinn.

1947 schwätzt de Poopst Pius XII. déi éischt Kéier a senger EnzyklikaMediator Dei“ ganz offiziell vu Massendénger, déi net zum Klerus gehéieren. Domat kann ee soen, datt dat de Grondstee fir deen Déngscht war, zu deem all Kand an all Jugendlechen Zougank huet.

Duerch d'2. Vatikanescht Konzil sinn „al Déngschter“ nei opgewäert ginn: Lektor, Kommiounhelfer, Virsänger – an och den Déngscht vum Massendénger.

Eréischt zanter dem Enn vum 20. Joerhonnert sinn och Meedercher als Massendénger zougelooss. De 15. Mäerz 1994 kruten d'Bëscheef duerch e Circulaire vun der Gottesdéngschtkongregatioun (Notitiae 30 [1994] 333-5) un déi national Bëschofskonferenzen d'Recht fir an hirer eegener Diözees och weiblech Katholicke fir deen Déngscht zouzeloossen. (De Poopst Jean-Paul II. hat am Juli 1992 eng Interpretation zu 230 § 2 CIC verfaasst.) Eng Erklärung vum 27. Juli 2001 seet datt:

  1. Bouwen a Männer net däerfen ausgeschloss ginn an
  2. kee Paschtouer däerf gezwonge gi fir sech vu weibleche Massendénger hëllefen ze loossen (Notitiae 37 [2001] 397-9).

Aktivitéiten änneren

bei liturgesche Feieren änneren

Massendénger si bei ville Feieren an der Kierch dobäi:

  • Massfeier
  • Daffeier
  • Hochzäit
  • Begriefnes
  • Firmung
  • Pressessiounen
  • Schlusspressessioun
  • Sprangpressessioun
  • Andacht
  • Vesper
  • Bieddag
  • Priesterweih

Baussent liturgesche Feieren änneren

 
De Grupp vun de Lëtzebuerger Massendénger bei der internationaler Roumwallfahrt 2006

A villen Uertschaften hunn d'Massendénger, nieft hirem Déngscht an der Kierch, och nach en ettlech aner Aktivitéiten um Programm, wéi Versammlungen; Déngschter an der Par; eng Massendéngerzeitung maachen; Ausflich a Vakanzen; Aktioune fir gutt Wierker, Klibberen, Kannermassen oder Wuertgottesdéngschter mat virbereeden, d'Kierch rëschten, Gebieder a reliéis Veilleeë preparéieren, Formatioun vun neie Massendénger....

Vill Massendéngergruppe vu Lëtzebuerg hu reegelméisseg Versammlungen. Hei ginn haaptsächlech méi feierlech Liturgie geprouft, d'Déngschtlëschte ginn opgestallt, Aktioune gi geplangt a liturgesch Saachen an Haltunge gi kennegeléiert.

Donieft lafen och national Aktivitéiten, déi vun der Équipe Lëtzebuerger Massendénger organiséiert ginn:

  • Matmaache bei der Oktavschlusspressioun a bei der Sprangpressioun.
  • Pèlerinagen op Roum, Lourdes, Kevelaer.
  • Bedeelegung u groussen internationale Massendéngerwallfahrten.
  • Fortbildungsowend fir d'Massendéngerresponsabel.
  • Formatioun vun engem Dag fir Massendénger an der Allerhëllgevakanz zu Iechternach: MAFREMA (MAtt FReed MAssendénger) a COMA-Time (COol MAassendénger): Héi schaffen d'Massendénger a flotten interessantenen Atelieren.
  • Tarcisiusfeier fir all Massendénger aus dem Land (all Joer ëm den 9. Juli)

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Massendénger – Biller, Videoen oder Audiodateien