Tarcisius
Den Tarcisius oder Tarcisius vu Roum, an der kathoulescher Kierch als Hellegen Tarcisius bekannt, war der Legend no e Jong, dee wärend der Chrëschteverfollgung am Réimesche Räich an der zweeter Hallschent vum 3. Joerhonnert zu Roum gelieft huet. Hien huet de Priister bei der Seelsorge gehollef.
Tarcisius | |
---|---|
Den Tarcisius am Musée d'Orsay zu Paräis, vum Alexandre Falguière (1868) | |
Titel | |
Titel | Akolyth |
Biographie | |
Gebuer |
246 jul. Roum |
Gestuerwen |
14. Mäerz 265 jul. Roum |
Doudesursaach | Stengegung |
Aktivitéit | Akolyth |
Aner Informatiounen | |
Statut | Hellegen |
Gedenkdag | 15. August |
Liewen
ännerenVum Tarcisius gëtt erzielt, hien hätt am 3. Joerhonnert zu Roum gelieft. Den Tarcisius war ee jonke Chrëscht. Fräiwëlleg huet hien de Kranken an de Gefaangenen d'helleg Kommunioun gedroen. Eng Kéier, wéi hie mat der hl. Kommunioun ënnerwee war, hu Kanner hie gefrot fir mat ze spillen. Wéi hien nee gesot huet hu si hie gedirängelt. Aus Angscht, datt si kéinten entdecken datt hien déi geseenten Hostie bei sech hat, ass hie fortgelaf. Aus deem Spill ass eng Verfollgung ginn. Si wollte wëssen, wat hien ënner senger Tunique géif verstoppen. Si hunn hien ëmmer méi gedirängelt. Wéi dunn den Tarcisius gefall ass, hu si hien dout getrëppelt a geschloen, fir un dat Wäertvollt ze kommen, wat hie bei sech verstoppt hat. Sou war den Tarcisius ee Massendénger, deen de 15. August 257 doutgemaach gouf. Den Tarcisius gouf zesumme mam réimesche Bëschof Zephyrinus (* 217) an de Calixtus-Katakomben an der Via Appia Antica zu Roum begruewen. Spéider goufe seng stierflech Reschter an der réimescher Basilika San Silvestro versuergt.[1] Duerno goufe s'ng Zäit laang an der Basilika San Lozenzo virun de Mauere veréiert.
Dono koumen d'Reliquien nees zeréck op den Terrain vun der Calixtus-Katakomben, an d'Hauskapell vum Institutio San Tarcisio vun de Salesianer (via Appia Antica, Roma). D'Hauskapell gouf vergréissert an zanter dem Mee 2012 hunn d'Reliquien hir definitiv Plaz an der Kapell vum Instituitio San Tarcisio fonnt. Do ass elo eng Plaz fir ze bieden a Massen ze feieren.
Am réimesche Martyrologium gouf den Tarcisius ënner dem Datum vum 15. August opgeholl, sou gouf säi Fest fréier op deem Dag gefeiert. Mä vun 1950 u gouf d'Fest Maria Himmelfaart op de 15. August festgeluecht. Sou ass d'Fest vum hellegen Tarcisius no an no an de Vergiess komm.
D'Nationalequipe vun de Lëtzebuerger Massendénger huet d'Initiativ ergraff fir zu Lëtzebuerg een Dag, wou keen extrat Fest gefeiert gëtt, als deen Dag vum hellegen Tarcisius ze feieren: den 9. Juli gouf erausgesicht.
Statu vum Tarcsisius
ännerenDen Entworf vun der Statu staamt vum Bernhard Lang, Goldschmadd vu Basel. D'Statu stoung zu Aarau, Einsiedeln, Schmerikon, St. Gallen a vum 27. Oktober 2009 bis de 14. Juni 2010 zu Iechternach om Vulpert - an dem Wues tëscht der Basilika an dem Trifolion.
Fir déi offiziell Begréissungsfeier vum 27. Oktober 2009 waren eng ganz Rei Éieregäscht dobäi: de Kultusminister François Biltgen, den Dechen Théophile Walin, den Aumônier vun de Massendénger Jos Weisgerber, d'Ekipp "Lëtzebuerger Massendénger", de Kënschtler Bernhard Lang a Massendénger aus dem Dekanat Iechternach.
Am Juni an am Juli 2010 war si zu Györ an Ungarn. Fir d'internationaalt Treffe vun de Massendénger stoung d'Statu den 3. a 4. August zu Roum op der Péitersplaz. Zënter dem 5. August 2010 steet se fir zerguttst am Park vun de Calixtus-Katakomben zu Roum.
Beschreiwung
ännerenDen Tarcisius kënnt aus der Basilika, hien ass ënnerwee bei d'Leit an ass do wou d'Leit sech begéinen. D'Statu ass an der Form éischter einfach gehalen, mä d'Gréisst ass beandrockend. D'Statu ass bal 5 Meter grouss a weit, mam Sockel, iwwer 4 Tonnen.
Fir d'éischt huet de Kënschtler sech mol selwer iwwer den hl. Tarcisius informéiert (dee war him aus senger Massendéngerzäit kee Begrëff). Duerno huet hie Massendénger (Jongen a Meedercher) an hirer Alef fotograféiert. D'Viraarbecht huet ongeféier ee Joer gedauert, vum Entworf bis zum grousse Modell aus Gips. De Modell gouf duerno a 7 Deeler getrennt – fir ee Goss un engem Stéck war en ze grouss an sollt spéider transportabel bleiwen. D'Figur ass vu banne mat engem stole Gerëscht verstäerkt a steet op engem Bëtongssockel.
D'Statu gouf an der Klackegéisserei H. Rüetschi zu Aarau an der Schwäiz gegoss.
Si soll een « DANKmal » si fir den Déngscht vum Massendénger an der Kierch, als Unerkennung fir all Massendénger.
Veréierung
ännerenDem Tarcisius säin Dag ass de 15. August, zu Lëtzebuerg gëtt en den 9. Juli gefeiert.
Hien ass de Patréiner vun de Massendénger, Akolythen, Kommiounskanner an den Aarbechter.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Tarcisius – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 19.06.2007. Gekuckt de(n) 29.07.2007.