Wikipedia:Neie Benotzerkont

Fir en neie Kont opzemaachen musst der als alleréischt op Aloggen uewe riets op der Säit klicken.

Dat bréngt Iech op follgend Login-Säit:

Login-Säit

Fëllt als éischt dat Kontrollfeld aus, dat soll verhënneren, datt informatesch Roboter automatesch Benotzerkonten opmaache kënnen (Si kënnen dee verzerrten Text net erkennen).

Duerno fëllt Dir Äre Benotzernumm (liest heizou och Wikipedia:Benotzernumm) an e Passwuert an. Dir musst äert Passwuert zweemol aginn, mee dëst geschitt nëmme beim Opmaache vum Kont, fir sécher ze goen, datt Dir Iech net vertippt hutt.

Schliisslech kënnt Dir eng Email-Adress uginn, dat ass awer net obligatoresch, an Dir kënnt dat och spéider nohuelen.

Da musst Dir nëmmen nach op Neie Kont opmaachen klicken, a scho sidd Dir e Wikipedianer.