Wikipedia:Wat ass e Benotzerkont

Dës Säit weist iech d'Vir- an Nodeeler wann der Iech entscheet e Benotzerkont opzemaachen fir bei Wikipedia matzeschaffen.

Pseudonym änneren

E Benotzerkont ass mat engem Pseudonym verbonnen. Dëst kann ären Numm, Virnumm oder soss irgendeppes sinn, eigentlech alles wat der wëllt (mir behalen eis trotzdem vir, divers Pseudonymer net ze akzeptéieren, wa se Frechheeten asw. enthalen).

Dëst ass deen eenzege Numm ënner deem der bei Wikipedia bekannt sidd. Et besteet keng Obligatioun äre richtegen Numm/Virnumm ze benotzen.

Anonymat a perséinlech Informatiounen änneren

Wann Dir e Benotzerkont opsetzt, sinn déi eenzeg Informatiounen déi aner Leit iwwer iech gewuer ginn déi déi Dir fräiwëlleg selwer verrot. Beim Ännere vun engem Artikel gesäit een äre Pseudonym, net är IP Address.

Wann der e Kont opmaacht, gitt der eng fakultativ E-mail Adress gefrot. Dës Adress ginn déi aner net gewuer. Eenzeg Ausnam: Wann der Funktioun Dësem Benotzer eng benotzt, gesäit deejéinegen deem der eng Mail schreift är Adress. Dëst erméiglecht him einfach nëmmen iech z'äntweren.

Notiz: Fir verschidde Leit (Developers a Benotzer-Kontrolleren) ass et méiglech är IP Address erauszefanne wann der e Benotzerkont hutt. Mee déi Informatioune ginn net un Drëtter oder un aner Benotzer weiderginn. Dës Informatioune ginn haaptsächlech genotzt fir erauszefannen op sech hanner dem Pseudonym net eng Persoun verstoppt déi eigentlech gespaart ass aus verschidde Grënn (wéi zum Beispill Vandalismus).

Dem Benotzer seng Säit an Diskussiounssäit änneren

All registréierte Benotzer huet een eng perséinlech Säit zur Verfügung an och eng Diskussiounssäit. Op der éischter, déi just de Benotzer selwer ännert, kann hien allméiglech Informatiounen iwwer sech selwer dropschreiwen, ouni datt hien dofir misst säi richtegen Numm oder soss privat Informatiounen erausginn.

D'Diskussiounssäit ka vu jidderengem ëmgeännert ginn deen dem Benotzer e Message hannerloosse wëll. Einfach op der jeeweileger Benotzersäit lénks uewen op der Reider "Diskussioun" klicken, oder bei Historiqueslëschte wou nieft dem Benotzernumm de Link "Diskussioun" direkt accessibel ass dodrop klicken.

Meng Astellungen änneren

En ageschriwwene Benotzer ka verschidde Saachen u Wikipedia änneren wéi zum Beispill d'Ausgesinn oder de skin vun de Säiten. Ausserdeem kann hie Biller eroplueden etc.

Kontributiounslëscht änneren

Vu datt de Benotzerkont unique ass, kann een och bei all Benotzer seng eege Lëscht mat de Kontributioune kucke goen. Eng IP Adress ass awer net onbedingt unique a gëtt dacks vu méi Benotzer gedeelt, sou datt eng richteg Lëscht vu Kontributioune vun enger bestëmmter Persoun net sou einfach ass.

Iwwerwaachungslëscht änneren

All Benotzer huet och d'Méiglechkeet, Säiten iwwerwaachen, andeems hie se op seng Iwwerwaachungslëscht setzt. Dëst erméiglecht him d'Evolutioun vun enger Säit z'iwwerwaachen.