Wikipedia:Benotzerkont gespäichert Informatiounen
Dës Säit erkläert iech, wat fir Informatioune gespäichert ginn, wann der d'Wikipedia besicht, respektiv matschafft.
Opgepasst: Wikipedia benotzt Cookies nëmme wann der e Benotzerkont hutt.
Wann der eng Säit liest
ännerenOp Anonym oder Stammclient, keng Informatioun gëtt weidergi wann der eng Säit liest.
Wann der eng Säit ännert oder eng ganz nei Säit opsetzt
ännerenD'Ännerung oder d'Kreatioun vun enger Säit bréngt mat sech, datt dat an den Historique vun der Säit stoe kënnt. Dësen Historique vun de Versiounen ass net verännerbar.
Als anonymme Benotzer
ännerenWann der eng Säit ännert oder nei opsetzt, egal ëm wéi eng Säit et dobäi geet, gëtt är IP Adress ugewisen. Dës Adress, ouni elo ze vill an d'technesch Detailer ze goen, kann zréckverfollegt ginn op är Schoul, äre Cybercafé, är Firma, etc. Wann der wierklech net wëllt erkannt ginn, ass et besser der kreéiert iech e Benotzerkont.
Als ageschriwwene Benotzer
ännerenNëmmen äre Pseudonym gëtt ugewisen, wann der en Artikel ëmännert/kreéiert. Op dëst äre richtegen Numm ass, bleift iech iwwerlooss. Keng IP-Adress gëtt publik, d. h. si gëtt natierlech trotzdeem gespäichert, mee just e Benotzer-Kontroller oder en Developer huet ënner restriktive Konditiounen dorop Zougank.