Wikipedia:Interface/Säiten

Nieft den normalen Artikelsäite kennt d'Wikipedia och nach Nummraim. Dat ass e Konzept fir d'Gruppéiere vu Säiten no hirem Zweck (z. B. als Benotzer-, Diskussiouns- oder intern Wikipediasäiten). Den Nummraum ass e Prefix, dee mat engem Doppelpunkt virum eigentleche Säitentitel steet (z. B. Wikipedia:Interface/Säiten ass eng Säit aus dem Nummraum "Wikipedia"). Sou gi Konflikter tëscht Nummraum-Artikeltitele verhënnert.

Bekannt Nummraim bei Wikipedia sinn:

  • <keen:> den normalen Enzyklopedieberäich
  • User oder Benotzer: eng perséinlech Säit, wéi se all Benotzer eng huet
  • Talk oder Diskussioun: eng Diskussiounssäit vun enger Säit, déi schonn existéiert
  • Image oder Bild: Informatiounen zu engem Bild
  • Category oder Kategorie: enthält Kategorien
  • Wikipedia: de Metaberäich vun der Wikipedia (Intern Säiten, Konventiounen, etc.)
  • Special oder Spezial: automatesch generéiert Spezialsäiten
  • Template oder Schabloun: enthält Textbausteng, déi een an Artikelen abanne kann
  • Portal: enthält Portalsäiten, déi Iwwersiichten iwwer eenzel Themeberäicher bidden
  • Hëllef: technesch Hëllef iwwer d'Wikipedia-Software MediaWiki, dacks och fir d'generell Hëllef iwwer d'Wikipedia mëssbraucht
  • MediaWiki: enthält d'Texter vun der MediaWiki-Software, mat deene sech d'Messagen an de Format vun der Wikipedia-Benotzeruewerfläch upasse loossen


Säiten an Nummraim kann ee wéi all aner Säiten och opmaachen a verlinken.