Wikipedia:De Staminee/Archiv 2018/Januar-Mäerz
Aussergewéinleche Meeting änneren
Samschdes den 20. Januar 2018 ass an der Jugendherberg zu Esch-Uelzecht déi obligatoresch jäerlech Generalversammlung vum Veräin Wikimedia Lëtzebuerg.
Well bei där Geleeënheet schonn en etlech Wikipedianer do sinn ass am Uschloss un déi Versammlung vu 15:30 Auer un, en Treffe vun all de Wikipedianer virgesinn. Jiddwereen ass häerzlechst invitéiert deelzehuelen. An der Jugendherberg ass dofir de Sall Meeting 4 um éischte Stack reservéiert. --Les Meloures (Diskussioun) 09:14, 21. Dez. 2017 (UTC)
D'Escher Jugendherberg ass direkt nieft der Zuch- an der Busgare, an d'Parkhaiser Kennedy a Stadhausplaz si 5 Min. zu Fouss ewech fir déi, déi mam Auto komme wëllen.
User group for Military Historians änneren
Greetings,
"Military history" is one of the most important subjects when speak of sum of all human knowledge. To support contributors interested in the area over various language Wikipedias, we intend to form a user group. It also provides a platform to share the best practices between military historians, and various military related projects on Wikipedias. An initial discussion was has been done between the coordinators and members of WikiProject Military History on English Wikipedia. Now this discussion has been taken to Meta-Wiki. Contributors intrested in the area of military history are requested to share their feedback and give suggestions at Talk:Discussion to incubate a user group for Wikipedia Military Historians.
MediaWiki message delivery (Diskussioun) 10:46, 21. Dez. 2017 (UTC)
Wikidata-Eegenschaft änneren
Gudde Moien un alleguer. Hei kënnt dir eng Eegenschaftspropos op Wikidata fannen: https://www.wikidata.org/wiki/Wikidata:Property_proposal/Conseil_de_Presse_Luxembourg_journalist_ID. Zil ass dat ee mat sou enger Proprietéit op Wikidata beweise kann datt een den Titel Journalist a Lëtzebuerg huet a wou (an als wat) de Journalist schafft. --Soued031 (Diskussioun) 13:21, 22. Dez. 2017 (UTC)
- Moien, wa se bis "ge-eegenschaftelt" sinn: wat geschéich da mat Journalisten, déi spéiderhin net méi an där Lëscht stinn, z.B. well se pensionéiert goufen? --Zinneke (Diskussioun) 11:54, 19. Jan. 2018 (UTC)
- Déi, déi pensionéiert sinn, fënnt een hei. Soss meng eege Meenung iwwer dës Proprietéit: et ass net immens awer e "Beweis" datt ee Journalist ass/war a Lëtzebuerg. (Mini-PS: Dee vum Luxemburger Autorenlexikon ass definitiv besser) --Soued031 (Diskussioun) 15:49, 19. Jan. 2018 (UTC)
- Huet den Autorenlexikon en eenheetlecht Format? Da kinnt een iwwerleeën, dat an eng Linkschabloun op all Säit, wou vun engem Auteur rieds geet, hisetzen (sou, wéi op de:wiki fir d'IMDB, z.B.). --Zinneke (Diskussioun) 15:58, 19. Jan. 2018 (UTC)
- Net sou séier ;) gëtt muer diskutéiert. Et kann een och elo de Facebook, Twitter + Instagramm vun e puer Lëtzebuerger kréien. --Soued031 (Diskussioun) 16:58, 19. Jan. 2018 (UTC)
- Huet den Autorenlexikon en eenheetlecht Format? Da kinnt een iwwerleeën, dat an eng Linkschabloun op all Säit, wou vun engem Auteur rieds geet, hisetzen (sou, wéi op de:wiki fir d'IMDB, z.B.). --Zinneke (Diskussioun) 15:58, 19. Jan. 2018 (UTC)
- Déi, déi pensionéiert sinn, fënnt een hei. Soss meng eege Meenung iwwer dës Proprietéit: et ass net immens awer e "Beweis" datt ee Journalist ass/war a Lëtzebuerg. (Mini-PS: Dee vum Luxemburger Autorenlexikon ass definitiv besser) --Soued031 (Diskussioun) 15:49, 19. Jan. 2018 (UTC)
Wikipedia Seminär änneren
Den heiten vum C2DH (Uni Lëtzebuerg) organiséierten Seminär kann vlaicht fir verschidden Wikipedianer interessant sin:
- Workshop: Wikimedia tools for Public History (places are limited!): https://www.c2dh.uni.lu/events/workshop-wikimedia-tools-public-history
- Knowledge Graphs and Pluralism on Wikidata: https://www.c2dh.uni.lu/events/knowledge-graphs-and-pluralism-wikidata
--Corto lu (Diskussioun) 13:56, 18. Jan. 2018 (UTC)
(Se sinn de 27 Februar 2018).
- Ech hu mech fir dee Seminär ugemellt. Robby (Diskussioun) 14:49, 19. Feb. 2018 (UTC)
Rankingen änneren
Moien, RTL Radio an rtl.lu hunn eng Serie iwwer Rankingen zu Lëtzebuerg ugefaangen (deen éischten: Nationalstroossen). Si froen no Suggestiounen fir weiderer. Mir fällt spontan eis Lëscht Héich Konstruktiounen zu Lëtzebuerg an (misst nogekuckt ginn, ë.a. wéinst neie Waassertierm an ofgerappte Sendemasten). Oder déi Gemenge mat de meeschte klasséierte Monumenter (Wikipedia:WikiProjet_National_Monumenter/Tabell) Huet een anere Iddien? Sportler, Mandatsdauer Premierministeren (längst:[[Paul Eyschen, kierzt: Mathias Mongenast)? Wann der e puer beienee kéimen, kinnt vläit ee vun der Wikimedia Ltz Kontakt mat RTL ophuelen? E bësse Promo kann ni schueden. --Zinneke (Diskussioun) 11:48, 19. Jan. 2018 (UTC)
- Kënnt muer op den Dësch ;). --Soued031 (Diskussioun) 16:46, 19. Jan. 2018 (UTC)
Warnunge vun anere Wikien änneren
Moien, Ech kréien an de leschten Deeg " Warnunge vun anere Wikie" a Sproochen a Schrëften déi ech net verstinn oder liese kann. Weess een wat da soll?
GilPe (Diskussioun) 07:46, 10. Feb. 2018 (UTC)
- Salut GilPe
- Déi 'Warnungen' kommen ënner anerem da wann een aneren engem op enger anerer Wiki eppes op seng Diskussiounssäit schreift. (Ech hat där Meldungen och eng Rei an de leschten Deeg). Esou wéi ech dat verstinn hunn eng Rei Wikien ugefaangen op d'Diskussiounssäit vun all Benotzerkont an där Sprooch e Begréissungsmessage oder e Message mat Informatiounen ze schreiwen. Elo kann et duerchaus sinn datt een op där Wiki vun där een elo esou eng Warnung kritt huet ni aktiv war. Duerch de System vun de globale Benotzerkonte kritt een op all Wiki aus der Mediawiki Welt esoubal ee wann een ageloggt ass dohi luusse geet oder gaangen ass ( dat kann ënner Ëmstänn) jo Joren zréck sinn.
- De Begrëff 'Warnungen' fannen ech och perséinlech e bëssen iwwerdriwwen. Ech hunn dat op translatewiki esou iwwersat vum engleschen 'warnings', op franséisch gouf et mat 'alertes' an op däitsch mat 'Meldungen' iwwersat. Ech ersetzen op translatewiki Warnungen an deem Kontext emol duerch 'Meldungen' dat klengt da scho manner beonrouegend.
- Ech hoffen heimat e bësen zum Verständnis vun deem System beigedroen ze hunn. Robby (Diskussioun) 15:40, 10. Feb. 2018 (UTC)
OK, Merci Robby, da berouegt effektiv. Ech wollt just sécher sinn, datt näischt Louches derhannert stécht... GilPe (Diskussioun) 15:56, 10. Feb. 2018 (UTC)
Linken op lëtzebuergesch Dictionnären vun der Uni futti änneren
Moien, pour info: all d'Linken op engelmann.uni.lu ginn net méi, well d'Uni sënnvollerweis ;-) d'Dictionnairen op en neien Domainnumm geréckelt huet: https://infolux.uni.lu/worterbucher/
Christian Ries (Diskussioun) 07:16, 16. Feb. 2018 (UTC)
Editing News #1—2018 änneren
An enger anerer Sprooch liesen • Verdeelerlëscht vun dëser méisproocheger Newsletter
Zanter der leschter Newsletter huet d'Equipe vun den Ännerungen déi meescht Zäit dofir benotzt fir de Wikitext Editeur Modus 2017 z'ënnerstëtzen. Deen ass am Visual Editeur als Beta-Funktioun disponibel a verbessert de visual diff tool. Hiren Aarbechtsplang ass am Phabricator disponibel. Dir fannt d'Linke vun der Aarbecht déi ofgeschloss ass all Woch bei mw:VisualEditor/Weekly triage meetings. Hir aktuell Prioritéite sinn d'Flécke vu Feeler, de Wikitext Editeur 2017 ënnerstëtzen an d'Verbessere vum visual diff tool.
Rezent Ännerungen änneren
- De Wikitext Editeur 2017 ass als Beta-Funktioun disponibel op Desktop-Apparaten. En huet déi selwecht Toolbar wéi de visual editor a kann den citoid-Service benotzen, genee esou wéi aner modernt Geschir. D'Equipe huet d'Performance vun de verschiddenen Ännerungssystemer verglach. Si hu gekuckt wéi laang et dauert fir d'Säit opzemaachen an unzefänke mat Tippen. Dofir goufen d'Date vu méi wéi enger Millioun Ännerungen aus dem Dezember a Januar benotzt. Verschidden Ännerunge goufe gemaach fir d'Vitesse vum Wikitext Editor 2107 a vum visuellen Editor ze verbesseren. Rezent war de Wikitext Editor 2017 beim Opmaache méi séier fir déi meescht Ännerungen an den WikiEditor 2010 war fir verschidden Ännerungen am séiersten. Méi Informatioune ginn am mw:Contributors/Projects/Editing performance gewisen.
- De visual diff tool gouf fir de Visuellen Editeur entwéckelt. En ass elo fir all Benotzer vum visuellen Editeur a vum Wikitext Editeur 2017 disponibel. Wann Dir Är Ännerunge nokuckt da kënnt Dir tëscht Wikitext a visuellen Ënnerscheeder ëmschalten. Dir kënnt och déi nei Beta-Funktioun aschalte fir "Visual diffs". D'Beta-Funktioun léisst Iech de visual diff tool benotze fir d'Ännerunge vun anere Leit tëscht de verschiddene Versiounen an an de Special:RecentChanges ze gesinn. [1]
- D'Wikitext Syntax Ervirhiewen ass als Beta-Funktioun esouwuel fir de Wikitext Editeur 2017 séi fir de Wikitext Editeur 2010 disponibel. [2]
- Den citoid Service iwwersetzt automatesch URL, DOI, iSBN a PubMed Identifikatiounsnummeren a wikitext Zitatiouns-Schablounen. Et ass ganz beléift bei Auteuren och wann et et bësse komplizéiert ka si fir et anzestellen. Är Wiki kann dëse Service kréien. Liest w.e.g. d'Instruktiounen. Dir kënnt d'Equipe froe fir citoid op Ärer Wiki z'installéieren
Kommt mir schaffen zesummen änneren
- D'Equipe wäert op engem nächste 'Wikimedia Foundation metrics and activities' Treffen iwwer d'Geschir fir z'änneren diskutéieren.
- Wikibooks, Wikiversity an aner Communautéite kënnen de visual Editor als Standard fir Auteuren agestallt kréien. Wann Är Communautéit dat wëllt, da kontaktéiert w.e.g. den Dan Garry.
- De Block
<references />
kann op breeden Ecranen automatesch laang Lëschte vu Referenzen a Kolonne weisen. Dat mécht Foussnoute méi einfach ze liesen. Dir kënnt multi-Kolonnen Ënnerstëtzung ufroe fir Är Wiki. [3] - Wann Dir dëst net an Ärer Sprooch liese kënnt, dann hëlleft eis beim Iwwersetzen! Schreift Iech an op d'Mailinglëscht vun den Iwwersetzer oder kontaktéiert eis direkt. Mir kontaktéieren Iech da wann déi nächst Newsletter fäerdeg ass fir z'iwwersetzen. Merci!
20:56, 2. Mäe. 2018 (UTC)
Galicia 15 - 15 Challenge änneren
Wikipedia:Galicia 15 - 15 Challenge is a public writing competition which will improve improve and translate this list of 15 really important articles into as many languages as possible. Everybody can help in any language to collaborate on writing and/or translating articles related to Galicia. To participate you just need to sign up here. Thank you very much.--Breogan2008 (Diskussioun) 14:17, 12. Mäe. 2018 (UTC)
Herausforderung der Zwölf Apostel von Irland änneren
Die Herausforderung der Zwölf Apostel von Irland ist eine Ausgabe von Bearbeitungen, der Artikel über die Zwölf Apostel von Irland zu schaffen und zu verbessern versucht. Jeder in jeder Sprache kann sich anmelden und zusammenarbeiten, um Artikel über die Zwölf Apostel zu erstellen oder überzusetzen. Medaillen und echte Ikonen werden der Gewinner vergeben. Um teilzunehmen, muss man sich nur hier anmelden und mit der Zusammenarbeit beginnen. Dia Duit! Leefeni de Karik (Diskussioun) 19:31, 29. Mäe. 2018 (UTC)
Welcome to Wales! The Celtic Knot Conference... änneren
I apologise that this invitation is in English; feel free to translate into your own language!
I would like to invite you to the second Wikipedia language conference focusing on supporting Celtic and other small and Indigenous Languages. This year 'Celtic Knot' will be at held on the 5th and 6th of July at the National Library of Wales in Wales' most famous seaside resort of Aberystwyth.
For more information on how you could be part of this great event, pop over to our website where you can also contact Jason Evans, our National Wikimedian and conference organiser. We have many speakers who will talk about what works for them, how we can learn from each other... small is beautiful...
Viva la diversity! Llywelyn2000 (Diskussioun) 13:23, 4. Abr. 2018 (UTC)