Wikipedia:De Staminee/Archiv2012/Abrëll-Juni

Weiderféierung vun der "Diskussioun:Mertzig Carrières Gilson 1930.Ar.P.Gilson.jpg" änneren

Moien, de François Mersch huet jo herrlech Bicher erausginn, antiquaresch net ze bezuelen, an déi, sowäit ech wees, d'Ierwen net Wëlles hunn eng Neiausgab erauszeginn, mä ech mengen och net datt dat bei menger Fro eng Roll spillt.

De François Mersch war bekanntlech net iwwerdriwwe matdeelungsräich wat d'Originne vun de Fotoen ugeet. Siele fënnt een den Numm vum Fotograf beim eenzelne Bild, am beschte Fall gëtt um Enn, wéi an der "Forteresse et Belle Époque", op Mehlbreuer, Kuhn, Bandebourg a Bernhoeft higewisen an de Collectieunere, déi d'Fotoen à disposition ginn hunn, Merci gesot. Just beim Batty Weber a bei senger eegener Kollektioun schreift en, datt déi der Photothéik vun der Stad Lëtzebuerg geheiren. Mä wéi uewe scho gesot steet ganz siele bei der Foto vu weem se dann lo ass an och net den Numm vum Collectioneur.

Méng Fro(en):

Kann ech ee Bernhoeft aus dem Mersch sengem Buch, natiirlech mat Ugab vun der Source, op Commons setzen?

Wéi ass mat offensichtlechen Amateursfotoen an deene Bicher: auteur inconnu + source an fir de Rescht dovunner ausgoen datt den onbekannten Auteur den Éischte Weltkrich net iwwerlieft huet?

Ech soe Merci fir d'Iwwerleeën a wënschen eng friddlech Hënt. --Jwh (Diskussioun) 17:56, 12. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, de Bernhoeft ass iwwer 70 Joer dout. Do dierft kee Problem sinn Einfach den Doudesdatum 1933 an d'Info derbäisetzen. -- Les Meloures (Diskussioun) 18:27, 12. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
Moien, ech kennen d'Buch net, mee vläit kinnt et als 'oeuvre dirigée' duerchgoen? D.h. en Editeur bezillt verschidde Leit, fir hir Saachen ze publizéieren. D'Nationalbibliothéik (mat Bezuch op d'Dageszeitungen op eluxemburgneisa.lu) setzt de Stéchdatum dofir, vu wéini u se 'domaine public' sinn, op virun 1944... --Zinneke (Diskussioun) 19:58, 12. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
Remoien, jo beim Bernhoeft gesinn ech och kee Problem, just datt de Miersche Fränz jo meeschtens den Auteur "geheim" hält. Ech fäerten d'Fachwelt géing staunen, wat ech dann alles dem Bernhoeft géing ënnerjubelen, mä 't ass eng Iddi...
Mat der 'oeuvre dirigée' komme mir an deem Fall net weider, dem François Mersch seng Bicher si jo an den 1970/80er Joren erauskomm. Par contre kann ee bei engem ganze Koup Fotoen (ouni Auteur) sech eventuel op d'Ausnahm ...les œuvres qui ne sont pas originales beruffen, also dat wat ech scho mol "Schongkëschtefotoe" genannt hunn.
Déi Fro déi mech beschäftegt, ass eigentlech déi: Do geet haut een hinn a besuergt sech mat vill Méih an Aarbecht Fotoe wou den Auteur schonn 100 Joer an enger besserer Welt ass, investéiert richteg Geld an déi Affär a publizéiert se dann an engem Buch - deen aneren Dag soen ech Merci, domaine public. Dat ass dach bosseg.
Ech wollt eigentlech keng copyrights-Diskussioun ufänken, mee lo ass et geschitt - se muss awer vu mir aus net weidergoen... --Jwh (Diskussioun) 02:58, 13. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]

De Stärchen änneren

Moien,

An enger Lëscht, z.B. "Kuckt och" oder "Um Spaweck" huet de Punkt deen duerch de * kreéiert gëtt, déi domm Tendenz aus dem Text fortzelafen a sech an e Bild, wat op der lénker Säit steet, ze setzen. Wier et do méiglech eng Schabloun ze maachen fir dat dee Punkt um Text peche bleift? --Jwh (Diskussioun) 07:17, 25. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]

Ech hu keng Ahnug ob et méiglech ass esou eng Schabloun ze maachen. Ech setzen an esou Fäll Bild einfach riets. --Les Meloures (Diskussioun) 08:11, 25. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
Yeaph, hunn et och scho mol esou gemaacht. De Problem ass wuel datt mir oft méi Linken a Biller hu wéi Text... --Jwh (Diskussioun) 08:26, 25. Abr. 2012 (UTC)[äntweren]
Salut,
Et ass méiglech. Anzwar, brauch e just puer Asterisken hannerteneen ze schreiwen. Wat méi Asterisken, wat den Text méi no riets réckelt.
  • *
    • **
      • ***
        • ****
asw.
:-) -- 213.31.217.82 12:10, 4. Mee 2012 (UTC)[äntweren]
Merci, ech wäert dat mol probéieren. Mä hängt den Effet da net vum Écran of? Ech ka mir virstellen, datt op engem 15er Écran de Problem guer net opkënnt, well do eventuel scho mat e bëssen Text genug Zeilen stinn fir d'Bild nach lanscht deen Text ze kréien. Op engem groussen Écran musse vläit esouvill **** kommen datt et op engem klengen Écran wéi ee riets Bild schéngt?
Ooops, dësen Effet hat ech mir lo net erwaart:

TEST änneren

 
Test

text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text text

Kuckt och änneren

                                          • dest
                                          • an
                                          • dat
Fäerten dat ass d'Léisung net... --Jwh (Diskussioun) 19:42, 4. Mee 2012 (UTC)[äntweren]


Dat notzt alles näischt, besonnesch wann d'Biller mat engem automateschen ---thumb--- do stinn dann hängt deenen hir Gréisst vun den individuelle Benotzerastellungen of.
Dofir am beschten, wann net vill Text do ass d'Biller no riets, oder ganz ënnendrënner setzen, eventuell als automatesch --gallery-- oder an eng Wikikëscht. --Les Meloures (Diskussioun) 19:53, 4. Mee 2012 (UTC)[äntweren]
Schléisse mech deem unn, hat och an der Tëschenzäit mat Allméiglechem getest, näischt ëppes bruecht. 'Gallery' ass secher eng gutt Léisung. --Jwh (Diskussioun) 20:11, 4. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Ass dëst vläit eng Solution?

Am Artikel Singapur

Ganz einfachen html mat enger 'Table'. Net ganz schéin, mä d'Punkten an de Biller si fort - a wann den Artikel e bësse méi grous wier... --Jwh (Diskussioun) 19:51, 15. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Proposal for help änneren

Hello!

I am a big fan of Eurovision Song Contest, and when I saw this page, I was a bit upset, because there is almost nothing written about Luxembourgish Euro-entrants. I suggest to remedy this unfortunate situation, and I'd like to know the translations of phrases, which might be useful to me in pages' creation. I think there is nothing wrong and I won't take much time. OK, this phrases:

  1. X is a French male/female singer. =
  2. X is a French pop-band. =
  3. He/she started his/her career in YYYY. =
  4. Band was formed in YYYY. =
  5. It formed especially for Eurovision. =
  6. He/she/band represented Luxembourg in the Eurovision YYYY with song "XXXX". =
  7. He/she/they came at X place with Y points. =
  8. along with =
  9. Discography/albums/singles/EP/DVD/External links/References =
  10. "X" is a song by Y. It was Luxembourg's entry in the Eurovision Song Contest YYYY, performed in French/Luxembourgish. =
  11. It came at... =

Thank you so much! (I'm sure these articles aren't exactly be superfluous.) Best regards,--Midnight Green (Diskussioun) 11:42, 4. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Hello Midnight Green,
Thanks for your help. The luxembourgish Wikipedia community is quite small, therefore many articles still need more content. Here are the translations of your phrases, so you can go on with your work. I will have a look at it when you have finished to eliminate eventual mistakes.
  1. X is a French male/female singer. = X ass e franséische Sänger/eng franséisch Sängerin.
  2. X is a French pop-band. = X ass eng franséisch Pop-Grupp.
  3. He/she started his/her career in YYYY. = Hien/Hat huet seng/hier Carrière YYYY ugefaang.
  4. Band was formed in YYYY. = D'Grupp ass YYY gegrënnt gin.
  5. It formed especially for Eurovision. = Se ass speziell fir de Grand Prix gegrënnt ginn.
  6. He/she/band represented Luxembourg in the Eurovision YYYY with song "XXXX". = Hien/Si/D'Grupp huet Lëtzebuerg bei der Eurovisioun YYYY mam Lidd "XXXX" vertrueden.
  7. He/she/they came at X place with Y points. = Hie/Si/Si koum/koumen op di X. Plaz mat Y Punkten.
  8. along with = zesumme mat
  9. Discography/albums/singles/EP/DVD/External links/References = Diskographie/Albumen/Singlen/EP/DVD/Um Spaweck/Referenzen
  10. "X" is a song by Y. It was Luxembourg's entry in the Eurovision Song Contest YYYY, performed in French/Luxembourgish. = "X" ass e Lidd vum Y. Et war déi lëtzebuergesch Bedeelegung am Grand Prix Eurovision YYYY, gesong op franséisch/lëtzebuergesch.
  11. It came at... = Et koum op ...

--MMFE (Diskussioun) 12:45, 4. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Moien!

Thanks indeed for your proposal to help, and thanks to MMFE for the translations. Best greetings, --Zinneke (Diskussioun) 21:02, 4. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Disable local uploads on smaller wikis änneren

Auf meta wird gerade eine Diskussion geführt, ob der lokale Bildupload für kleinere Wikis abgestellt und alle lokalen Bilder anschließend gelöscht werden sollen. --Holder (Diskussioun) 08:45, 22. Mee 2012 (UTC)[äntweren]

Update on IPv6 änneren

 

(Apologies if this message isn't in your language. Please consider translating it, as well as the full version of this announcement on Meta)

The Wikimedia Foundation is planning to do limited testing of IPv6 on June 2-3. If there are not too many problems, we may fully enable IPv6 on World IPv6 day (June 6), and keep it enabled.

What this means for your project:

  • At least on June 2-3, 2012, you may see a small number of edits from IPv6 addresses, which are in the form "2001:0db8:85a3:0000:0000:8a2e:0370:7334". See e.g. w:en:IPv6 address. These addresses should behave like any other IP address: You can leave messages on their talk pages; you can track their contributions; you can block them. (See the full version of this announcement for notes on range blocks.)
  • In the mid term, some user scripts and tools will need to be adapted for IPv6.
  • We suspect that IPv6 usage is going to be very low initially, meaning that abuse should be manageable, and we will assist in the monitoring of the situation.

Read the full version of this announcement on how to test the behavior of IPv6 with various tools and how to leave bug reports, and to find a fuller analysis of the implications of the IPv6 migration.

--Erik Möller, VP of Engineering and Product Development, Wikimedia Foundation 01:10, 2. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Distributed via Global message delivery. (Wrong page? Fix here.)

2011 Picture of the Year competition änneren

македонскиnorskpolski

Dear Wikimedians,

Wikimedia Commons is happy to announce that the 2011 Picture of the Year competition is now open. We are interested in your opinion as to which images qualify to be the Picture of the Year 2011. Any user registered at Commons or a Wikimedia wiki SUL-related to Commons with more than 75 edits before 1 April 2012 (UTC) is welcome to vote and, of course everyone is welcome to view!

Detailed information about the contest can be found at the introductory page.

About 600 of the best of Wikimedia Common's photos, animations, movies and graphics were chosen –by the international Wikimedia Commons community– out of 12 million files during 2011 and are now called Featured Pictures.

From professional animal and plant shots to breathtaking panoramas and skylines, restorations of historically relevant images, images portraying the world's best architecture, maps, emblems, diagrams created with the most modern technology, and impressive human portraits, Commons Features Pictures of all flavors.

For your convenience, we have sorted the images into topic categories.

We regret that you receive this message in English; we intended to use banners to notify you in your native language but there was both, human and technical resistance.

See you on Commons! --Picture of the Year 2011 Committee 18:28, 5. Jun. 2012 (UTC)

Distributed via Global message delivery. (Wrong page? Fix here.)

Um Spaweck änneren

Schon säit laangem stéieren ech mech un deem fuerchtbaren Ausdrock Um Spaweck. Wou ech en déi leschte Kéier ërem op Extern Linken geännert haat, gouf geschriwwen: Spaweck hei gëtt et esou genannt déi Diskussioun gouf schonn e puermol gefouert.

E klenge Rappel: Um Stamminet Mee a Juni 2005 gouf daat esou vun e puer Leit décidéiert, an duerno ni méi discutéiert, bis Juli 2010. Dunn haat endlech een emol eppes dogéint gesoot. ("déi Diskussioun gouf schonn e puermol gefouert." ass vläit e bessi iwwerdriwwen)

Waat sinn d'Argumenter géint dësen Ausdrock?

  • "E Spaweck ass a bleiwt fir mech ee "Spinnennetz""
  • ..."wirklech nëmmen e Grapp voll Leit deen Ausdrock an deem Kontext benotzen. An anere Wieder: kee Mënsch seet daat am richtege Sproochgebrauch."
  • daat Ganzt gouf vun ongeféier enger halwer Dose Leit décidéiert, vun deenen der e puer souwisou nët méi aktiv sinn.

Duerfir proposéieren ech als Alternativ och Extern Linken ze benotzen. Um Spaweck ass eng Expressioun déi eng Minoritéit vun de Lëtzbuerger iwwerthaapt als Lëtzebuergesch empfannen (fir mech as daat Bopelëtzebuergesch, an säi Gebrauch absolut nët justifiéiert).

Ech wees, dass d'Haaptargument dogéint elo natierlech wäert sinn, dass een dann alleguer déi aaner Artikelen muss änneren. Muss een awer nët, et kann een jo och einfach déi zwou Expressiounen autoriéieren. --Bdx (Diskussioun) 09:23, 7. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Et ass scho komesch datt am am englesche Sproochgebrauch kee Mënsch sech um Spaweck stéiert. Webpage = Spaweckssäit, Website = Spawecksplaz.
Fir mech war den Ausdrock Um Spaweck zwar och ongewinnt, wéi ech virun e puer Méint hei ugefaang hunn aktiv ze ginn, well et seet am normale Liewen effektiv keen esou. Awer ech hu mech ganz schnell dru gewinnt an den Ausdrock gefällt mer sou gutt dat ech en och selwer vill benotzen.
Ech kënnt mer awer och gutt virstellen, dat ee kënnt parallel aner Ausdrëck benotzen, aplaaz vun Um Spaweck kënnt een z.B. Um Netz gebrauchen, wat besser dem Wuert Web giff entspriechen, well e Web ass net ëmmer e Spaweck, mee e Spaweck ass ëmmer en Netz. Dat ass wéi mat de Nuddelen an den Deegwueren, fir e rezent Beispill vu vierun e puer Deeg zum Vergläich ze huelen. Extern Linken wier och akzeptabel fir mech, allerdengs net ganz sou schéin. --MMFE (Diskussioun) 12:08, 7. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
"Et ass scho komesch datt am am englesche Sproochgebrauch kee Mënsch sech um Spaweck stéiert." --> Nët wierklech komesch, nëmme well een daat sou op Englesch seet, heescht daat awer nët, datt een daat genau esou op lëtz. muss iwwersetzen. Mir soen jo och SMS (Short Message Service), an nët KMD (Kuerzmatdeelungsdéngscht) oder esou...
@ MMFE: ech fannen Um Netz och ganz akzeptabel! --Bdx (Diskussioun) 09:49, 8. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
Petz mir sinn um Netz  :-)) --91.180.81.47 12:17, 9. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
Ech verstinn de Sënn vun där Diskussioun iwwerhaapt net. Hei op lb.Wikipedia gëtt ee geléiert kreativ mat der Sprooch ëmzegoen. Wa mir ëmmer misste Lëtzebuergesch schreiwe wéi déi meescht et schwätzen, da géif hei méi Däitsch/Franséisch/Englesch geschriwwe ginn an da géifen eis Wierder feelen. De lëtzebuergesche Wikipedia evoluéiert souguer méi schnell wéi eis Dictionnairen, dat fält engem schnell op wann een en Artikel iwwert Astronomie liest. Spaweck (fr: Toile, de: Spinnennetz) ass natierlech en ongewinnten Term fir déi meescht déi zënter kuerzem hei contribuéieren, awer ass e Beispill datt d'Lëtzebuerger Sprooch sou wéi déi aner Sproochen och evoluéiert. -- Benotzer:Soued031 (Diskussioun) 13:12, 9. Jun. 2012‎ (UTC)[äntweren]

Moien, ech verweise just drop, wat ech hei gesot hat. --Zinneke (Diskussioun) 22:20, 9. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Ech si ganz mam Zinneke d'accord! --Otets 01:42, 10. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Och d'accord mat "Spaweck". --Cayambe (Diskussioun) 08:46, 10. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Meng Meenung ass bekannt, well meng Reaktioun war den Ausléiser vun der Diskussioun.   Pro-Spaweck -- Les Meloures (Diskussioun) 08:56, 10. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Och wann ech eng Zäitchen net hei war, ech sinn och dofir fir et esou ze loossen --Alexandra (Diskussioun) 09:54, 10. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien, et bleift also wéi et ass an deem schléissen ech mech och unn. --Jwh (Diskussioun) 10:03, 10. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Daat ass jo schéin a gutt wann dir fir "Spaweck" sidd, mee d'Propositioun ass jo nët fir daat ofzeschafen, mee fir eng Altenativ ze erlaben. --Bdx (Diskussioun) 17:01, 10. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Firwat Alternativ? Fir Duercherneen ze produzéieren? De Lieser soll ënner der selwechter Ënnerschrëft ëmmer déi selwecht Informatioune fannen, an ëmgedréint fir déi selwecht Informatiounen soll ëmmer déi selwecht Iwwerschrëft gebraucht ginn. Et gëtt kee Beispill an der Literatur wou Editeure sech anescht behuelen a mat Alternative schaffen. --Les Meloures (Diskussioun) 17:22, 10. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
Ech hunn ganz am Ufank erkläert, firwat ech eng Alternative hei ufroen. Domat produzéiert een keen "Duercherneen"; iwwregens gëtt et och kee Beispill an der Literatur wou Editeuren einfach emol Fantasienotiounen erfannen wann et alldeeglech Alternativwierder ginn. --Bdx (Diskussioun) 11:47, 13. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
Firwat soll de Spaweck am Lëtzebuergeschen eng Fantasienotioun sinn, wann am Engleschen de Web keng ass. --Les Meloures (Diskussioun) 11:54, 13. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
Emol dovun ofgesinn, datt se mol guer net bei eis entsprongen ass, mee einfach aus dem Lëtzebuerger Land geknäipt gouf, wat jo och eng Zort Literatur ass. --Otets 13:21, 13. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Aus dem Englesche kënnt daat ganzt jo hier, daat heescht awer net, datt et gerechtfärdegt ass fir daat wuertwiertlech op lëtz. ze iwwersëtzen. Mir iwwersetze jo och nët highway, manhole, undertaker oder forklift einfach wuertwirtlech op Lëtzbuergesch. ENG Persoun huet (haat) daat am Lëtzebuerger Land benotzt, an duerfir gëtt einfach emol vun e puer aaner Leit decidéiert fir d'ganz Lëtzebuerger Sprooch op lb.wikipedia.org emzeschréiwen? Ech kann och domat liewen wann verschidde Leit déi Expressioun wëlle benotzen, mee et kann een net ëppes als Standart imposéieren, waat soos néirens benotzt gëtt. Daat ass just an der Rei wann et e Wuert/Numm/Expressioun op lëtz wirklech guer net gëtt (Plakeg Maulefsrat) --Bdx (Diskussioun) 14:17, 13. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Tjo dat ass eben de ganze Misär vun der lëtzebuergescher Sprooch. Fréier wéi d'Vollek nëmme Lëtzebuergesch geschwat huet gouf et fir alles e Lëtzebuergescht Wuert. An zënter datt mer dräi- bis véiersproocheg sinn däerfe mer elo op eemol kee Wuert méi z'iwwersetzen oder mer sinn ze liddereg fir eppes z'iwwersetzen. An datt hei op der Wikipedia mol eppes kann décidéiert ginn, kann och nëmmen drop zréckgefouert ginn datt virun en etlech Joer en hallwe Grapp voll Leit d'Wikipedia a lëtzebuergescher Sprooch lancéiert hunn. Bis elo huet och vun all de Lieser déi d'Wikipedia kucke kommen nach kee fonnt et dierft de Spaweck net ginn. Wéinstens huet nach kee sech hei beschwéiert. Et schéngt es deemno wéi wann déi dat akzeptéiere géifen oder wéinstens net als anormal empfannen. --Les Meloures (Diskussioun) 15:18, 13. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

"Bis elo huet och vun all de Lieser déi d'Wikipedia kucke kommen nach kee fonnt et dierft de Spaweck net ginn. Wéinstens huet nach kee sech hei beschwéiert. Et schéngt es deemno wéi wann déi dat akzeptéiere géifen oder wéinstens net als anormal empfannen." --> Offensichtlech ass daat jo schon erëm net wouer, waats du och gemierkt häss, wanns du den Ufank vun der Diskussioun gelies häss. Ech stéiere mech scho laang un deem Ausdrock, an ech hunn daat Thema eréicht opbruecht wou ech deen Commentaire vun engem aanere Benotzer gesinn hunn, deen och nët domat d'Accord ass. Ech mengen, déi wéinegste Leit, déi lb.wikipedia.org consultéieren, géifen iwwerhaapt op d'Idee kommen, dogéint ze protestéieren, och wann se daat anormal fannen, well et schon allgemeng net vill Leit ginn, déi Artikele schreiwen, an et iwwerhaapt net evident ass fir ze wëssen, wou een dann do emol eng aaner Propose kann machen. Kanns du d'Gedanke vun all de Lieser vu Wikipedia liesen? Eng Internetsäit passiv benotzen an aktiv matschaffen ass eppes komplett aneres.

" An datt hei op der Wikipedia mol eppes kann décidéiert ginn, kann och nëmmen drop zréckgefouert ginn datt virun en etlech Joer en hallwe Grapp voll Leit d'Wikipedia a lëtzebuergescher Sprooch lancéiert hunn." --> Daat do Argument ass natierlech Top; à la Wann mir daat demols nët gemach hätten, dann kéins du souwisou nët meckeren, also haal léiwer de Mond. Daat ass esou wéi wann all déi al Lëtzebuerger géifen zu deene méi jonke soen: Wa mir deemols net géint d'Preise resistéiert hätten, dann géif et Lëtzebuerg souwisou net ginn, also mecht ierch net an d'Politik vun haut an. All Respekt!

Iwwregens ignoréiers du och mäin Haaptargument, an zwar, dass et genuch alldeeglech Expressioune ginn, déi "Um Spaweck" bedéiten, z.B. Linken, Um Netz oder Um Internet. Op Englesch wier et korrekt: links, also ass Linken schon eng lëtzebuergesch Adapdatioun. Den Däitsche Wikipedia benotzt iwwregens Weblinks, wéis du wahrscheinlesch wees.

"An zënter datt mer dräi- bis véiersproocheg sinn däerfe mer elo op eemol kee Wuert méi z'iwwersetzen oder mer sinn ze liddereg fir eppes z'iwwersetzen." --> Ech froe mech elo wirklech, ops du meng aaner Kommentaren iwwerhaapt richteg gelies hues; waat soot ech firdun iwwer Wieder wéi Plakeg Maulefsrat?!

Gleef mir, ech hunn déi hei Diskussioun just lancéiert well ech deen Ausdrock wirklech net schéi fannen, an ech emol wollt kucken, op do nach eng aaner Méiglechkeet kann bestoen. Wann elo all déi aaner Benotzer voll hannert "Um Spaweck" stinn, dann fannen ech mech eben domat of, an ech verspriechen, datt ech dann keng Revolutioun wäert machen oder änleches. Ech hun just d'Gefill, datt déi Expressioun éischter par défaut acceptéiert gëtt wéi aus Iwwerzeegung, an duerfir ass déi Diskussioun och fir mech nach net eriwwer. Ech hunn nët vir, äer "Ierschaft" an den Knascht ze zéien, duerfir muss een daat Ganzt hei och net esou perséinlech huelen! --Bdx (Diskussioun) 17:15, 13. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Eng Sprooch ass lieweg an op der Wiki heescht et "Hief Courage", wat och fir d'Sprooch gëllt. Hei ass et awer esou, datt mär deen Ausdrock emol net erfonnt hunn, mee et gouf e wéi gesot schonn, och wann en net immens wäit verbreet war. Wéi de Spaweck agefouert gouf, do stoungen e puer Ausdréck zur Debatt, an d'Schwieregkeet bestoung virun allem dodranner eppes Lëtzebuergesches ze fannen (Weblinks gouf als Denglesch ellen Erfindung emfonnt), wat eng Ënnerandeelung Linken 1Kuckt och 2Spaweck erlaabt (also geet eng zweete Kéier Linken net). Um Netz oder Um Internet wier eng Méiglechkeet gewiescht, mee Um Spaweck hat eben deemools gewonnen, wourauser dräi weider Punkten entstane sinn: i) Ech hu mech dru gewinnt a fannen et aus Iwwerzeegung schéin, a géif och nees esou ofstëmmen, ii) wee géif sech hierginn eng geschaten 30.000 Kéieren "Um Spaweck" z'änneren (esouguer e Bot wier éiweg domat amgaang), iii) mer kënnen dach net gutt all puer Joer demokratesch gewielte Strukturen déi esou immens verbreet si wéi dëst Titelskelett alt nees op d'Kopp geheien esoubal e puer nei Benotzer mat enger anerer Meenung derbäikommen. Et ass jo kee forcéiert alles Ales einfach esou hinzehuelen, mee et kann och net de But si fir organisatoresch Onbestännegkeet unzestriewen (fir déi a ville Foarwe weider auszemolen: da benenne mer 2017 alles nees a Spaweck ëm an 2021 an Externklickmechun, oder d'Verléirer vun enger Ofstëmmung starten all Mount eng nei bis datt se grad gewannen an da fänken déi fréier Gewënner u mat neien Ofstëmmungen, oder et gëtt vu fir era just eng Ofstëmmung op Zäit a mer huelen all Joers vu Januar bis Juni "Um Netz" a vu Juli bis Dezember "Um Spaweck"). An dat schéinst (an déi Kéier net onrealistesch): wat ass wann s du no 5.000 Ännerungen opgëss, hale mer dann zwee Systemer; a wann déi déi elo fir Um Netz sinn no 2 Joer net méi hei schreiwen, ännere mer dann alles nees zréck an "Um Spaweck"? --Otets 17:51, 13. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Merci Otets, datt wéinstens du op eng mäin Argument agees, ouni erofloossend ze sinn. "Um Spaweck" gëtt et iwwregens 10.661 Mol op Wikipedia (net datt daat iergendeppes un denger Argumentatioun géing änneren), souwisou gesäit et jo nët esou aus wéi wann daat sech géing änneren. --Bdx (Diskussioun) 08:34, 14. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Moien,

D'Fro no der Pertinenz vum Ausdrock ze stellen, war duerchaus berechtegt. Meng ofschléissend Bemierkung deckt sech staark mat dem Otets senger: Jo, et hätt een och kinnten en aneren Numm huelen (ech si kee "Spaweck-Fetischist" aus Prinzip ;-) a jo, et gewinnt een sech effektiv drun. Mäin Haaptargument, et net wëllen z'änneren, ass net den Ausdrock u sech, mee d'Aarbecht, déi dat méich, an den Notzen a Relatioun derzou. Mir perséinlech kënnt et virun allem drop un, datt d'Wiki ëmmer méi räich un Informatiouen gëtt, datt et (hoffentlech) an e puer Joer eng Enzyklopedie op Lëtzebuergesch gëtt, an där een "alles" wat et u Wichtegem a manner Wichtegem am Bezuch op Lëtzebuerg (a wäit driwwer eraus!) gëtt, fanne kann. Am Moment leeft dat relativ gutt - just ee Beispill: dem Bdx seng rezent Artikelen zu der Gratispress, déi sëllege Sportlerbiographien, de Museksrayon, wou sech villes deet, en plus zu deenen déi scho méi laang reegelméisseg zu "hire" Sujetë bäidroen - an et wier schued, wa mer eis wéineg Ressourcen un u sech reng formelle Saache "verbëtze" géifen. An e puer Joer wann "all" Artikel geschriwwen, a kee méi ausgebaut oder verbessert ka ginn, well do d'Perfektioun erreecht gouf, oder wann op eemol eng Armada vu neie Mataarbechter untriede géif, déi dono gamst, eppes maachen ze wëllen, da kann ee seng Energie an d'Ëmgeréits stiechen. Sou gesinn ech dat op d'mannst. --Zinneke (Diskussioun) 09:41, 14. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Optimismus ass ëmmer gutt :) Et wir schéin wann lb.wikipedia.org nach vill méi Artiklene géif kréien (daat wäert jo wahrschéinlech och de Fall sinn). Ech kann gudd mat deem liewen, waats du sees. --Bdx (Diskussioun) 11:04, 14. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]