François Mersch

lëtzebuergesche Liichtathleet an Editeur
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Sportler François Mersch. Fir de Politiker mam änlechen Numm, kuckt wgl. Jean-François Mersch.

De François Mersch, gebuer den 9. Juni 1913 an der Stad Lëtzebuerg, och do gestuerwen de 15. Februar 1983[1],[2], war e lëtzebuergesche Liichtathleet an Editeur.

François Mersch
Bei engem Tournoi zu Belfort: Pierre Hemmer, François Mersch, Martin a Jean Krombach.
Gebuer 9. Juni 1913
Lëtzebuerg
Gestuerwen 15. Februar 1983
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sportler
Gréisst 180 cm
Gewiicht 73 kg
Kompetitiounsklass Kuerzstreckelaf

1936 war hien als Liichtathleet bei den Olympesche Spiller zu Berlin. D'100m ass hien do an 11,0 s gelaf an am Wäitsprong koum hien op 6,90 m[3].

Vun 1961-1962 war hie President vun der Lëtzebuerger Liichtathleetikfederatioun

Säi Palmarès als Liichtathleet

änneren

De François Mersch huet geglänzt am Wäitsprong an als Kuerzstreckeleefer.

  • 1938: Landesrekord am Wäitsprong mat 7,44 m. De "längste Saz", deen eréischt 1985 vum Marc Kemp iwwerbuede gouf.
  • 1939: Sëlwermedail zu Monte Carlo am Wäitsprong op de Welt-Studentespiller mat 7,05 m.

Seng Publikatiounen als Editeur

änneren
  • Mersch, François: Editeur vun der Auto-Revue
  • Mersch, François: Bergauf, bergab mit Charly Gaul, 1959, Editioun François Mersch, 241 Säiten
  • Mersch, François: Luxemburg, So wie es war (1880-1940), Éditions François Mersch,1978
  • Mersch, François: Le Grand Duché de Luxembourg à la Belle Epoque, Tome I (1870 - 1914), Éditions François Mersch, 1978
  • Mersch, François: Le Grand Duché de Luxembourg à la Belle Epoque, Tome II Éditions François Mersch, 1990
  • Mersch, François: Le Grand Duché de Luxembourg à la Belle Epoque, Tome III (Éditions François Mersch, 1980
  • Mersch, François: Le Grand Duché de Luxembourg à la Belle Epoque Guerre et Paix,Éditions François Mersch, 1981
  • Mersch, François: Luxembourg, Sa Dynastie, Tome I, Éditions François Mersch, 1981
  • Mersch, François: Luxembourg, Sa Dynastie, Tome II, Éditions François Mersch', 1982

Kuckt och

änneren

Referenzen

änneren
  1. sports-reference.com
  2. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 294
  3. Association Luxembourgeoise des Olympiens