Gazasträif

Verwaltungsgebitt vum Staat Palestina um ëstleche Mëttelmier, tëscht Israel an Egypten
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Gazasträif (Arabesch قطاع غزّة, DMG Qiṭāʿ Ġazza, Hebräesch רְצוּעַת עַזָּה Rətzūʿat ʿAsah), kuerz Gaza, ass e Verwaltungsgebitt vum Staat Palestina. Et ass dat klengst vun den zwee palestinensesche Gebidder (dat anert ass d'Westjordanland). Et handelt sech ëm en dicht bewunnt Küstegebitt um ëstleche Mëttelmier tëscht Israel an Egypten mat am Zentrum Gaza-Stad.

Gazasträif
قطاع غزّة
רְצוּעַת עַזָּה

Fändel vum Staat Palestina

Detailer

Offiziell Sprooch:
Haaptstad: Gaza-Stad
 • Awunner: 677.800
Staatsform: - Offizielle Verwaltung: Staat Palestina bzw. Palestinensesch Autonomieverwaltung
- De facto zënter Juli 2007 vun der Hamas verwalt
- Gëllt de Vereenten Natiounen no als besat Gebitt
Fläch: 365[1] km²
Bevëlkerung: 2,226,544 (2023)[1]
Detailléiert Kaart vun der Gazasträif (September 2023)

Den Numm Gazasträif a seng geographesch Form krut d'Gebitt duerch e Waffestëllstandofkommes nom Palestinakrich (1948/49). Méi wéi d'Hallschent vun den Awunner vu Gaza si palestinensesch Flüchtlingen aus där Zäit respektiv hir Nokommen. D'Majoritéit vun der Bevëlkerung si muslimesch Araber déi staatelos sinn.

Op der Basis vum Traité vun Oslo gëtt déi offiziell Verwaltung vun der Gazasträif vum Staat Palestina resp. der palestinensescher Autonomieverwaltung iwwerholl. De facto gouf d'Gebitt zënter Juli 2007 bis Ufank 2024 vun der islamistescher Hamas verwalt.

No gewaltsamen Ausernanersetzunge mat der Fatah-Beweegung hat déi radikal islamistesch militant Organisatioun Hamas 2007 d'Kontroll iwwer d'Gazasträif iwwerholl a se zënterhier autoritär regéiert. Zënter datt se d'Muecht iwwerholl hunn, gouf et keng Wale méi an d'Meenungsfräiheet war staark limitéiert. Iwwer d'Regierung selwer war wéineg bekannt, well déi genee Féierungsstrukture vun den Hamas an och d'Identitéite vun hire Spëtzepolitiker gréisstendeels geheim gehale goufen. D'Hamas gëtt vun Israel an de meeschte westlech orientéierte Staaten als terroristesch Vereenegung ugesinn.

Déi baussenzeg Grenzen am Norden, Osten a Weste vun der Gazasträif gi vun Israel kontrolléiert; am Süde gëtt de Persouneverkéier iwwer Videokonferenzen an Zesummenaarbecht mat Egypten kontrolléiert. Den Accès a Gaza duerch d'Loft oder iwwer d'Mier gëtt och vun Israel kontrolléiert. Wéinst dëser Kontroll ass d'Gazasträif zënter 2007 duerch eng israeelesch Blockade beanträchtegt wat mat sech bréngt, datt d'Gazasträif vun de Vereenten Natioune weiderhin als besaten Territoire ugesi gëtt.

Um Spaweck änneren

Commons: Gazasträif – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 PCBS | Indicators. www.pcbs.gov.ps. Gekuckt de(n) 2024-02-27.