Talspär vu Robertville

D'Talspär vu Robertville (fr: Barrage de la Warche oder Barrage de Robertville) gouf tëscht 1925 an 1929 gebaut. Si steet um Laf vun der Warche an ass déi ënnescht vun zwou Talspären op dëser Baach. Déi aner ass d'Talspär vu Bütgenbach.

Talspär vu Robertville
Strooss op der Mauer

De Séi läit am schmuelen Dall vun der Warche, no bei Robertville, am Südoste vun der Provënz Léck an der Belsch, an ass ronn 3.500 Meter laang.

D'Mauer ass eng Gewiichtsstaumauer a si ass 57 Meter héich, an 182 Meter laang. Dat gestautent Waasser gëtt haaptsächlech benotzt fir Stroum ze maachen.

Iwwer d'Staumauer féiert d'Nationalstrooss N 681. Et gëtt och nach zwou aner Brécken iwwer de Séi, eng an der Hallschent de Pont de Haelen deen d'Nationale 676 dréit an eng kleng Bréck méi wäit flossopwärts (ouni Numm) tëscht den Dierfer Champagne an Outrewarche.

Ausser der Warche lafen nach e puer kleng Baachen an de Séi:

  • de Ruisseau de Quareu
  • de Ruisseau de Ponce
  • an nach 4 kleng Baachen ouni Numm

Am Joer 2006 gouf de Barrage eidellafe gelooss fir Reparaturen ze maachen.

An der Géigend änneren

Net wäit ewech vum Séi vu Robertville kann een déi al Festung Reinhardstein kucke goen. Vun der Staumauer féiert een Trëppelpad dohin.