Ri de Vaux

Baach an der Belsch
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Baach. Fir de Kicheplat, deen op franséisch Ris de veau heescht, kuckt wgl. Pujel.

De Ri de Vaux och alt nach Ry de Vaux geschriwwen ass eng Baach um Territoire vun der Gemeng Olne. Et ass eng riets Niewebaach vun der Vesdre.

Ri de Vaux
De Ry de Vaux direkt beim
Moulin du Ry de Vaux
Längt 3,5 km
Hydrographesche
Baseng
OurtheMeuse
Originn
Originn Zesummefloss
Héicht 216,00 m
Koordinaten 50° 35’ 27.61’’ N
      05° 44’ 46.49’’ O
Konfluenz
Leeft an Weser
Plaz Nessonvaux
Héicht 105,50 m
Koordinaten 50° 34’ 21.36’’ N
      05° 44’ 10.16’’ O
Versickerung
Versickerung Betoir de la Falise
Plaz Olne
Héicht 212,00 m
Koordinaten 50° 35’ 25.68’’ N
      05° 44’ 46.10’’ O
Resurgenz
Plaz Vaux-sous-Olne
Koordinaten 50° 35’ 04.97’’ N
      05° 44’ 21.48’’ O
Geographie
Land Belsch
Regioun Wallounien
Uertschaften Olne - Nessonvaux

De Ri de Vaux huet seng Quellen um Fouss vun enger Lee am Gaart vun der Villa des Hirondelles am ieweschten Deel vu Vaux-sous-Olne. D'Baach ass eigentlech eng Resurgenz vum Ri d'Aronde och Ri des Hirondelles genannt, deen aus zwéi Grief entsteet.

Deen ee vun de Grief huet säi Bett laanscht den ale Wee vun Olne op Soumagne iwwer d'Haute Rafhay gegruewen, an deen aneren huet fréier d'Weiere vum Schlass vun Olne gefiddert. Kuerz nodeem déi zwéi Grief zesummegelaf sinn, verschwanne s'an engem Chantoir, Betoir de la Falise genannt, um Fouss vun der Uertschaft Olne.

Op der Héicht vum Lieu-dit Tonvoie leeft vu lénks de Ruisseau de la Hazienne dran, an zesumme lafe se dann ongeféier ee Kilometer méi wäit an d'Vesdre.